Permis fortMat 118 Kilometer an der Stonn laascht d'Schoul zu Wëntger

RTL Lëtzebuerg
Op eise Stroossen hat de CGDIS dann nach 3 Accidenter gemellt, bei där 3 Persoune blesséiert goufen.

Am Kader vun der Campagne #SecherRentree waren d'Beamte vun Ëlwen géint 8 Auer e Mëttwoch de Moien bei der Schoul zu Wëntger am Asaz. Hei hu si een Automobilist erwëscht, dee mat 118 km/h ënnerwee war, wou der just 50 erlaabt sinn. Eng weider Persoun hat hei 81 drop. De ganz presséierte Chauffer huet misste säi Permis ofginn, géint béid Persoune gouf eng Plainte gemaach.

Géint 17.25 Auer koum op der RN31 tëscht Diddeleng a Keel zu enger Kollisioun vun 2 Autoen, eng Persoun gouf blesséiert.Ëm déi nämmlecht Zäit gouf et och nach en Accident zu Bartreng, och hei ass eng Persoun blesséiert ginn.

Géint 21.30 Auer krute sech an der Escher Strooss zu Gaasperech zwee Autoen ze paken. Wéi e Mann bei der rouder Luucht gewaart huet, ass him een Automobilist hannendrop gefuer. Doropshin ass deen éischten Auto e puer Meter iwwer d'Kräizung mat der Rue Henri Pensis geflunn. De Mann gouf am Auto ageklemmt an huet misse vun de Rettungsdéngschter gebuerge an an d'Spidol bruecht ginn. Den Alkoholtest vum Automobilist, dee schëlleg war, ass positiv ausgefall. Ënnert anerem war de Samu op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO