Op der A3Mat 161 km/h duerch eng 90er Zon, Führerschäin agezunn

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend huet d'Police eng Vitesskontroll op der A3 a Richtung Lëtzebuerg gemaach, dat op der Héicht vum Chantier no der Aire de Berchem.
© Domingos Oliveira / RTL

Dat war net vu Muttwëll, well et gouf zum Beispill een Automobilist do gemooss, dee mat 161 km/h gefuer ass, wou wéinst dem Chantier just 90 erlaabt ass. De Chauffer krut op der Plaz de Führerschäin ofgeholl.

Zeienopruff

D’Police freet dann nach no Zeien, nodeems et e Mëttwoch de Moie géint 8.30 Auer en Accident zu Kielen gouf, bei deem eng Persoun liicht blesséiert ginn ass. 2 Autoen an eng wäiss Camionnette waren involvéiert. Et gëtt elo nom Chauffer vun der Camionnette gesicht, dee fortgefuer war, ouni seng Personalien ze hannerloossen.

De Chauffer vun där Camionnette oder soss Aenzeie solle sech bei der Police zu Capellen mellen, dat via den Telefon (+352) 244 30 1000 oder via Email op Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO