Nawell schëtzeg ënnerweeMat 211 Km/h duerch Police-Kontroll geflunn

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op Mëttwoch goung ee Chauffeur op der Diddelenger Autobunn, bei der Aire de Berchem, mat 211 Stonnekilometer duerch eng Police-Kontroll.
© Pixabay

D'Police ass dem presséierten Automobilist nogefuer a konnt hien op der Héicht vum Houwald stoppen.

De Permis gouf direkt agezunn an de Chauffer krut ee Protokoll.

Alkohol um Steier

An der Nuecht op e Mëttwoch goufen et zu Ell, Réiden op der Attert an zu Bieberech (Préizerdaul) Alkoholkontrollen. 319 Automobiliste goufe kontrolléiert. A 4 Fäll war den Alkoholtest positiv. Déi verschidde Chauffere goufe protokolléiert. Ee Permis gouf op der Plaz agezunn.

E Mëttwoch am fréie Moien ass en Automobilist um Boulevard Royal an der Stad der Police opgefall. Bei enger Kontroll hunn d’Poliziste festgestallt, datt de Mann keng gëlteg Pabeieren hat. Dobäi war den Alkoholtest och positiv. De Won gouf immobiliséiert an de Chauffer gouf och protokolléiert.

Dann ass zu Bieles en Dënschdeg am Nomëtteg e Motocyclist gefall. Wéi d’Polizisten wollten hëllefen, hu si festgestallt, datt de Mann ënner staarkem Alkoholafloss stoung. De Permis gouf op der Plaz agezunn an e Protokoll gouf erstallt. De Moto gouf immobiliséiert.

Accidenter um Mëttwoch de Moien

Um Zéissenger Kräiz ass géint 7 Auer en Automobilist mat sengem Gefier am Gruef gelant. 3 Persoune goufe verwonnt.

Zu Rodange an der Lëtzebuerger Strooss sinn um Mëttwoch de Moie kuerz virun 10 Auer zwee Ween aneneegerannt.
Eng Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO