Illegal am LandMat Drogen erwëscht an an de Centre de Rétention bruecht

RTL Lëtzebuerg
Géint 2.15 Auer an der Nuecht op e Freideg gouf d'Police op der Rue Joseph Junk op der Stater Gare op zwee Männer opmierksam.
© RTL Archivbild

Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass déi zwee Droge konsuméiert haten. Donieft hunn d'Beamte erausfonnt, dass sech déi zwee Männer illegal am Grand-Duché opgehalen hunn. Si hate kleng Quantitéite vun Haschisch a Kokain bei sech. Béid Persoune goufen an der Centre de Rétention bruecht.

Viral bei engem Bancomat

Géint 20 Auer en Donneschdeg den  Owend gouf an der Stad e Mann, dee grad op engem Bancomat Suen opgehuewen hat, vun engem Onbekannte mat engem Messer menacéiert. Hie gouf opgefuerdert d'Suen erauszeginn. Donieft huet den Täter dem Affer den Handy geklaut a sech dono ewechgemaach.

Back to Top
CIM LOGO