103 Salariéë betraffMat Firma Carvalho Constructions Générales weider Faillite am Bau

RTL Lëtzebuerg
Wéi den LCGB an engem Schreiwes e Mëttwoch matgedeelt huet, ass eng weider gréisser Konstruktiounsfirma hei am Land Faillite.
© Andy Brücker / RTL

Déi 103 betraffe Salariéë vu Carvalho Constructions Générales sinn en Dënschdeg informéiert ginn, dass d’Firma Faillite erkläert, esou den LCGB, deen drop hält, dass d’Leit hir Entschiedegunge bezuelt kréien. E Freideg ass an der Zentral vun der Gewerkschaft eng Informatiounsreunioun.

Wéi et vum OGBL heescht, huet d’Firma Carvalho Constructions Générales zwar e volle Carnet mat Opträg, ma hat ënner anerem duerch e puer Chantieren, déi méi deier gi si wéi geplangt, um Enn Liquiditéitsprobleemer. Doriwwer ass d’Gewerkschaft viru ronn engem Mount informéiert ginn. Deen Ament war d’Direktioun nach am Gespréich mat engem potentielle Repreneur. Dësen ass awer dunn e Freideg ofgesprongen, esou dass de Betrib um Enn awer muss ofgewéckelt ginn.

D’Faillite selwer dierft d’nächst Woch gesprach ginn. Deen Ament gëtt e Curateur genannt an da kënnen d’Mataarbechter hir Déclarations de créance maachen, fir hir komplett Salairen nach ausbezuelt ze kréien.

Derzou de Jean-Luc De Matteis (OGBL) um Mikro vum Maxime Gillen:

Interview mam Jean-Luc De Matteis (OGBL) iwwer Carvalho Constructions Générales/

Reaktioun vun déi Lénk

Déi Lénk fuerderen um Donneschdeg an engem Pressecommuniqué d’Regierung op, “d’Firma Carvalho Constructions générales z’iwwerhuelen, déi 103 Aarbechtsplazen ze sécheren a sech endlech d’Moyenen ze ginn, ee seriösen Acteur am Wunnengsmaart ze ginn.”

PDF: Pressecommuniqué Déi Lénk (29.2.24)

Back to Top
CIM LOGO