
Eng nei Wollek u Saharastëbs ass um Wee a wäert dësen, wéi Meteolux erkläert, haaptsächlech iwwer Ost-Frankräich, d’Benelux-Länner, Südwest-Däitschland, d’Schwäiz an Italien verdeelen. De Stëbs gëtt ëmmer rëm an der Sahara-Wüüst an Nordafrika, der gréisster Sand-Wüüst vun der Welt, erop gewirbelt a vum Wand iwwer d’Mëttelmier bis op Mëtteleuropa gedroen. Dat geschitt meeschtens am Fréijoer, souwéi och am Hierscht.
Et ass a betraffene Gebidder nees mat onklorem Himmel, souwéi mat méi héije Konzentratiounen u feinem Stëbs ze rechnen. Beim Botze vum Auto gëllt et dann och opzepassen, well de Saharastëbs sech um Lack an op de Fënsteren ofsetze kann. Déi Saharastëbs-Episod wäert bis en Donneschdeg daueren, d’Meteorologen erwaarden awer nëmme schwaach Konzentratioune vu Stëbs an der Loft.
Ee weidert Phänomen, dat de Meteorologen no optriede kéint, ass de Bluttreen. Dësen entsteet aus dem Zesummespill vun Nidderschléi an dem Saharastëbs, woubäi sech de Sand dann och um Buedem oflagert.