Et heescht oppassen, wann een den Auto wëll wäschen

Sou hu vill Autoen an de leschten Deeg ausgesinn. Esou sollt een net direkt an eng Wäschstrooss fueren, soss riskéiert de Lack zerschréipst ze ginn. / © Andy Brücker
Sollt engem säin Auto e liichte bronge Schleier um Lack hunn, kéint dëst um Saharastëbs leien, deen déi lescht Wochen an der Loft louch.
Mir haten an de leschten Deeg a Wochen ëmmer mol nees gewarnt, dass Saharastëbs an der Loft läit an och iwwert de Grand-Duché zitt. Dëse verdeelt sech natierlech iwwerall a kann och op laang Siicht Nowierkungen hunn.
Vill Leit hu gären e propperen Auto. Sou brong Flecke vum Saharastëps a Kombinatioun mam Reen ass fir muncher een e Grond, fir mam Auto séier bis an d'Wäschstrooss ze fueren. Hei heescht et awer oppassen.

© AFP
Virum Passage an der Wäschstrooss, den Auto onbedéngt mat vill Waasser ofsprëtzen. Bei munche Wäschstroosse ginn et niewendrun och sou Boxen, wou ee selwer den Auto ka botzen. Heivu sollt ee profitéieren, dobäi awer net Gebrauch vun der Biischt maachen. Einfach just den Auto gutt ofsprëtzen, an dat net just hallefhäerzeg.

© Silas Stein / dpa Picture-Alliance via AFP
A verschidde Wäschstroosse bidde se sou e Service och direkt an der Entrée un, wou dann e Mataarbechter vun der Wäschstrooss den Auto mam Hochdruckreiniger ofmécht. Deem dann och matdeelen, léiwer eng Kéier méi driwwer ze fueren.

© AFP
Déi Sandkäre vum Saharastëbs sinn esou kleng, dass ee se gär och emol iwwersäit. Dat kann dofir suergen, dass ee sech de ganze Lack vum Auto zerschréipst, wann een duerch d'Wäschstrooss fiert, oder wann ee souguer einfach mat engem Eemer Waasser an engem Schwamm un den Dreck erugeet.
Dat ass dann ewéi wann Dir géift mat Schläifpabeier iwwert de Lack vun Ärem Auto fueren. Am beschte Fall, kritt een d'Schréipsen duerch Poléieren nees eraus, ma de Risk ass grouss, dass dat net méi ze retten ass.
Dat betrëfft dann och net just de Lack, ma och d'Luuchten, respektiv d'Fënsteren. Och déi kënnen zerkraazt ginn. Dat suergt da fir eng manner gutt Siicht, respektiv kritt een e Schleier an d'Fënster, an deem sech dann d'Luucht brécht, wann zum Beispill owes en Auto entgéint kënnt, oder wann d'Sonn vu vir an den Auto schéint. Duerch schlecht Siicht gouf schonn deen een oder aneren Accident provozéiert.

© Andy Brücker
Deemno heescht et entweder virun der Wäschstrooss wierklech den Auto ganz gutt mam Schlauch, respektiv Hochdruckreiniger ofwäschen, oder sech nach e bësse gedëllegen, bis et mol nees méi kräfteg reent, ouni Saharastëbs an der Loft, an eréischt duerno an d'Wäschstrooss goen.

© HORST OSSINGER / dpa Picture-Alliance via AFP
Nach eppes wat ee sollt si loossen
Dacks gesäit ee jo e Smiley op dreckegen Autoen, mat dann dem Text "Botz mech" oder "Wash me". Dat ass vläicht witzeg op den éischte Bléck, ma wann een dat mécht, dann zitt een och Dreck-Partikelen iwwert de Lack oder iwwert d'Fënster, a mécht domadder automatesch och Schréipsen an de Lack oder d'Glas. Dat gëllt fir dat ganzt Joer, an net just a Perioden, wou Saharastëbs d'Autoen dreckeg mécht.

© ATTILA KISBENEDEK / AFP
Wéi gesinn d'Previsiounen aus?
Op Nofro hi bei MeteoLux ass et d'Info um Donneschdeg an der Mëttesstonn, dass aktuell an den nächsten Deeg kee Saharastëbs iwwert eiser Regioun gemellt ass.