OGBL an LSAPMat Nodrock gëtt eng "méi grouss Steiergerechtegkeet" gefrot

RTL Lëtzebuerg
Den Onofhängege Gewerkschaftsbond ënnerstëtzt d'LSAP, déi Drock mécht op de Koalitiounspartner DP.

Dat an engem gemeinsame Communiqué een Dag virun der Ried zu der Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel.

Mat Nodrock gëtt eng “méi grouss Steiergerechtegkeet” gefrot.

D’LSAP an den OGBL hu sech fir eng Reunioun gesinn. Thema war virop de Projet fir eng Steierreform, déi nach an dëser Legislaturperiod iwwer d’Bün sollt goen.

D’LSAP huet en Dokument preparéiert mat 21 konkrete Propositiounen, wéi et heescht. Dorënner eng substantiell Reduktioun vun der Akommessteier oder d’Aféiere vun engem Barême unique.

D’DP huet an deene leschte Wochen e puer Mol drop higewisen, dass esou eng Reform eng Milliard Euro géing kaschten an een d’Staatsfinanze misst am Bléck behalen.

PDF: Pressecommuniqué OGBL / LSAP

Back to Top
CIM LOGO