Déi Gréng stëmme Steierreform net mat"Mat Prozenter kann ee sech am Supermarché näischt kafen"

François Aulner
Amplaz mat engem Walkaddo strukturell Lächer an de Staatsfinanzen ze schafen, misst ee geziilt entlaaschten, esou déi Gréng.
© François Aulner

Déi Gréng wäerten d'Steierreform net matstëmmen. Op enger Pressekonferenz hu se erkläert, datt se wuel fir d'Individualiséierung oder en eenzege Barème sinn. D'Reform vum CSV-Finanzminister Gilles Roth wier ze deier a géing net genuch Solidaritéit erëmginn.

D’CSV-DP-Regierung géing 1 Milliard Euro an de Grapp huelen, fir e Walkaddo ze maachen. Méi Netto vum Brutto misst sech net duerch déi ganz Gesellschaft zéien, esou déi gréng Deputéiert Sam Tanson: "De Gros vum Käschtepunkt vun dëser Reform – dat gesäit een notamment am ganz fundéierten Avis vun der Chambre des Salariés – dat sinn Entlaaschtunge vum néngten Dezil" (den néngthéchste Grupp vu Verdénger op 10)

Dorop ugeschwat, datt de Barème "U" vum Gilles Roth an Euro ausdréckt effektiv méi héich Revenuen entlaascht, mee a Prozenter ausgedréckt déi méi kleng méi hunn, huet d'Sam Tanson kuerz a knapp geäntwert: "Mat Prozenter kann ee sech am Supermarché näischt kafen."

Abattement petite enfance duerch Steierkredit ersetzen

Déi Gréng si wéi gesot fir d'Individualiséierung, mee erkennen ewéi anerer de Problem, datt doduercher d'Responsabilitéit vun engem Partner fir deen aneren, deen am Zivilrecht steet, a Fro gestallt ass. Den Abattement "Petite enfance" fir Leit mat Kanner bis 3 Joer, deen d'Regierung proposéiert, géing deene Gréngen no net genuch kompenséieren a just déi Leit entlaaschten, déi iwwerhaapt eng Steierlaascht hunn.

Dofir fuerdere se, datt de geplangten Abattement duerch e Steierkredit ersat gëtt fir Kanner bis 18 Joer. E Steierkredit soll et doriwwer eraus fir aner Leeschtunge géintiwwer Familljemembere ginn, esou de Co-President vun déi Gréng, de François Benoy.

Méi staark Kapitalbesteierung géing der Wirtschaft net schueden

Amplaz mat engem Walkaddo strukturell Lächer an de Staatsfinanzen ze schafen, misst ee geziilt entlaaschten, esou déi Gréng. Notamment d'Steierklass 1A, also ënnert anerem d’Monoparentaux. Fir d'Reform ze géigefinanzéieren, fuerderen déi Gréng zwou nei Tranchë vun 43 a 44% - aktuell läit de Spëtzesteiersaz bei 42%.

Mat der Reform vun 2017 hate Blo-rout-gréng zwou nei Tranchë vun 41 an 42% agefouert.

Donieft fuerdere se méi "Ambitioun" bei der Grondsteiereform an der Mobiliséierungstaxe, mee awer och d’Rëmaféiere vun enger Verméigenssteier fir d'Persoune mat héije Fräibeträg an d'Ofschafe vun der hallwer Besteierung vun Dividenden a vun der Steierbefreiung vun Aktieverkeef no 6 Méint.

Eng Ierfschaftssteier an éischter Linn oder eng Hausse vun der Solidaritéitssteier fuerderen déi Gréng net.

Déi Gréng sinn net der Meenung, datt eng méi staark Besteierung vu Kapitalerträg dem Businessmodell vun der Lëtzebuerger Wirtschaft géing schueden. Et wier eng Fro vu Gerechtegkeet a vu friddlechem Zesummeliewen, datt jidderee contribuéiert "net just déi Eng bedeitend méi, déi en plus enger gereegelter Aarbecht noginn an dozou bäidroen, datt alles hei funktionéiert iwwerdeems déi Aner, déi sech gutt organiséiert hunn, vill manner contribuéieren", sou d'Sam Tanson.

Déi Gréng sinn och géint d'Reduktioun vun der Betribssteier, déi CSV an DP fir d'nächst Joer decidéiert hunn. Déi Gréng hu wärend Blo-rout-gréng selwer eng matgedroen an de grénge Gemengeconseiller an der Stad, de Fabricio Costa huet dat als "Kompromëss" bezeechent, dee se hätten deemools missen agoen. Haut géinge se léiwer d'Betriber geziilt ënnerstëtzen ewéi jidderee mat der Strenz.

PDF Schreiwes Déi Greng

Back to Top
CIM LOGO