Wéinst der héijer Inflatioun hat déi Europäesch Zentralbank hire Leetzëns drastesch ugehuewen. Den Ekonomist Yves Nosbusch vun der BGL BNP Paribas rechent domat, datt d’Inflatioun dëst Joer staark fält, mä d’EZB d’Zënsen awer nach ëm ee Prozentpunkt unhieft. Stellt sech d’Fro, wéi sech dat op d’Immobiliëkreditter zu Lëtzebuerg auswierkt.
Zanter dem leschte Summer huet d’EZB hire Leetzëns ëm 2,5 Prozentpunkten ugehuewen, fir der staarker Inflatioun, ugedriwwe vun den Energiepräisser, Meeschter ze ginn. Doduerch sinn och d’Tauxen op den Immobiliëkreditter geklommen. Wéi den Yves Nosbusch vu BGL PNB Parisbas erkläert, géif dat dozou féieren, dass d’Zuel vun den Immobiliëkreditter hei am Land zeréckgeet. “Also mir gesinn nach ëmmer ganz vill Kredittsdossieren, mä et ass effektiv esou, datt mer der e bësse manner gesinn, wéi virdrun. Dat ass doduerch bedéngt, datt effektiv mechanesch, wann d’Zënse méi héich sinn, natierlech fir e Revenu disponible een e manner héije Kredit ka finanzéieren.”
Déi lescht Joren haten d’Leit allerdéngs vun den nidderegen Zënse profitéiert, andeems si Prête mat engem fixen Taux ofgeschloss hunn. “Iwwer déi lescht Joren ass déi grouss Majoritéit vun de Kreditter, déi accordéiert gi sinn, déi sinn am Taux fixe. A mat engem Tax fixe sidd der natierlech protegéiert vun enger Hausse vun den Zënsen.”
Hunn déi Leit, déi virdrun hire Prêt mat variabelem Taux gemaach hunn, ewell Probleemer, fir hir Mensualitéiten ze bezuelen? Déi héich Zënse géifen natierlech de Revenu an Usproch huelen, sou den Ekonomist. “Mä à ce stade gesi mir awer net vill Dossieren, wou et wierklech problematesch géif ginn. Op alle Fall net vill méi ewéi soss.”
Den Yves Nosbusch geet dovun aus, datt d’Inflatioun am Euroraum dëst Joer staark wäert falen. “Haaptsächlech doduerch, datt d’Energiepräisser haut méi niddreg sinn wéi d’lescht Joer an der Moyenne”.
Den Yves Nosbusch erwaart fir d’Wirtschaft vun der Eurozon dëst Joer e Ralentissement. Ob dat eng kleng Rezessioun géif ginn, wier de Moment nach schwéier ze soen.