Invité vun der Redaktioun (9. Mäerz)Mathias Lentz iwwer e Renouveau an der Brau-Industrie

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war de Mathias Lentz vun der Konfederatioun vun de Brasseuren Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Mathias Lentz (9. Mäerz 2017)
En Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war de Mathias Lentz vun der Konfederatioun vun de Brasseuren Invité vun der Redaktioun.

De Béiermarché duerchlieft den Ament e kloren Trend no uewen, en Ëmschwong. An deen Ëmschwong wëll déi nei Confederatioun vun de Braumeeschter a Brauereien zu Lëtzebuerg mat begleeden an ënnerstëtzen. Déi nei Vereenegung ass e Mëttwoch den Owend nees, no 10 Joer Stëllstand, an d'Liewe geruff ginn, sot hire President de Mathias Lentz en Donneschden de Moien am RTL-Interview. Haaptzil ass et de Lëtzebuerger Béier ze promouvéieren an de ville Brauereien ze hëllefen. Där gëtt et antëscht méi wéi 25 zu Lëtzebuerg, dovunner och eng ganz Partie Micobrauereien.

19 vu 25 Braumeeschter a Brauereien hu sech e Mëttwoch der neier Confederatioun ugeschloss.
Zejoert ass d'Béierproduktioun zu Lëtzebuerg op méi wéi 290.000 Hektoliter geklommen. D'Leit géifen nees méi Béier, och méi verschiddene Béier drénken, sou de Mathias Lentz.

En Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war de Mathias Lentz vun der Konfederatioun vun de Brasseuren Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO