
D’Staatsbeamtegewerkschaft hat sech beschwéiert, well eng nei Agence, déi fir d’Versuergung mat Medikamenter zoustänneg wier, en Etablissement public sollt ginn, an dat no privatem Recht.
D’CGFP fuerdert, datt se an Zukunft ëmmer am Virfeld agebonne gëtt, wann en neien Etablissement public soll an d’Liewe geruff ginn. An der Reegel soll gekuckt ginn, datt Administratiounen nei Tâchen iwwerhuelen a wann en neien Etablissement da misst geschaaft ginn, deen och no Droit public - also mat Staatsbeamte - soll funktionéieren, sou d’CGFP.
Virun engem Mount hat sech de Sträit tëscht der Staatsbeamtegewerkschaft an der Regierung berouegt an dat géing och esou bleiwen.