68 Kanner am Grondschoulalter an 9 am Lycée maachen dëst Schoul-Joer „Enseignement à domicile“ oder Homeschooling. De Max Sauber vun der Associatioun Luxembourgeoise pour la liberté d'Instruction , der Alli, huet um Donneschdeg de Mueren am RTL-Interview de Virdeel vum „Léieren doheem“ ënnerstrach an erkläert, datt een esou vill méi op d'Kand a seng individuell Besoinen kann agoen, wei an enger grousser Schoulklass. Léierpersonal ass och net onbedéngt néideg, sou den Invité vun der Redaktioun weider, well léiere géif ganz autonom fonctionnéieren, nei Etüde géifen dat weisen. Grad ewéi, datt Schüler déi fräi léiere, méi spéit och déi nämmlecht Chancen hunn, sou de Max Sauber.
Ween dëst "Fräit Léiere" wëll maache, muss dat beim Schoulministère umellen, an gëtt och reegelméisseg vun engem Inspekter kontrolléiert. Vum Ministère aus, wier et och de Wonsch fir sech un den offizielle Schoulprogramm ze halen. De Max Sauber, vun der Associatioun fir fräit Léieren, ënnersträicht awer och, datt een sech den Homeschooling muss wëllen leeschte, well et ass natierlech zäitopwänneg.
Detailer zum Homeschooling fann dir op der Facebooksäit freetolearnluxembourg.eu an um www.luxhomeschooler.com
De Max Sauber vun der Association Luxembourgeoise pour la liberté d'Instruction war eisen Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg um 10 op 8.