
Et ass wichteg, datt déi Jonk d'Medie verstinn a léieren domat ëmzegoen. Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch e Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber betount, wou et an enger erweiderter Fro vun der grénger Deputéiert Djuna Bernard iwwert d'Mediebildung goung. De Minister huet betount, datt virun engem Joer de sougenannten "Mediekompass" fir d'Schoule presentéiert gouf an am Fondamental de "Mediepass" entstanen ass.
E Pass, wou eenzel konkret Projete proposéiert ginn an dono kann dokumentéiert ginn, wat an der Schoul mat de Kanner gemaach ginn ass. An doduerch och ganz transversal, altersgerecht an iwwert de ganze Schoulparcours ewech ka gekuckt ginn, datt déi eenzel Aspekter vun der Mediebildung och schonn an der Grondschoul ofgedeckt ginn.
Och duerch nei agefouert Fächer géif een op digital Kompetenzen agoen, awer och zum Beispill op ethesch Froen huet de Claude Meisch nach präziséiert. Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard huet awer an hirer Fro betount, datt d'Medienerzéiung net just bei de Jonke vu Wichtegkeet wier:
D'Covidkris ass e gutt Beispill fir ze weisen, datt vill Erwuessener an eeler Leit Problemer haten, d'Informatiounen online ze verschaffen an en halbwegs zouverlässegen Tri tëscht zouverlässeg a falsch ze maachen. An dat war och scho virun der Covidkris en dokumentéierte Problem. D'Unie vu Princeton an New York hunn an enger Etüd beluecht, datt eeler Facebook-Notzer iwwer 65 Joer bal 7 Mol méi Artikele mat Fake-News deele wéi d'Altersgrupp vun 18 bis 29".
Dem Educatiounsminister Claude Meisch no wier d'Agence BeeSecure an deem Fall, genee wéi och bei de Jonken, am Asaz, fir d'Leit ze warnen an op Desinformatioun opmierksam ze maachen, mee och den Zentrum fir politesch Bildung kéint do e wichtege Rôle spillen.
An der Chamber ass et an zwou erweiderte Froen ëm dës zwee Sujete gaangen. Iwwert de Bien-être op der Aarbecht goung et schonn virun engem Joer, ma an tëscht huet sech d'Aarbechtswelt awer staark verännert
De Chômage Partiel, den Teletravail an den Homeoffice sinn an tëscht zu enger gewësse "Normalitéit" ginn an hunn eist Aarbechts an och eist privat Liewen verännert huet den CSV Deputéierten Marc Spautz betount:
D'Grenzen tëscht privat an ëffentlechem Liewen sinn net méi richteg ze fannen. Mobbing an Harcelement hunn zougeholl. Physesch a psychesch Problemer si méi grouss ginn. Existenzängscht si bäi komm, de Medikamentekonsum ass vill méi grouss ginn, bei Medikamenter déi een ouni Rezept kritt.
Och den Aarbechtsminister huet zouginn datt d'Prioritéiten haut anerer sinn wéi nach virun engem Joer, wou eng Motioun iwwert de Bien-être op der Aarbecht an der Chamber ugeholl gouf. Deemools ass et zum Beispill ëm d'Recht op Deconnectioun gaangen. E Sujet, deen dem Dan Kersch no an den nächste Wochen intensiv diskutéiert soll ginn:
De Conseil economique et sociale huet sech bereet erkläert, fir wa méiglech eng gemeinsam Stellungnam auszeschaffen vun de Sozialpartner. Ech hu se och an engem Bréif drun erënnert, datt ech mat Spannung dorop waarden.
Da soll dem Dan Kersch no och séier legiferéiert ginn. Et dierft een an der Kris awer och net ze séier schéissen, den Impakt, deen d'Pandemie huet, missten a Rou analyséiert an dann déi néideg Schrëtt geholl ginn.