No Aussoe vu Simone BeisselMedienautoritéit ALIA huet Instruktioun opgemaach

RTL Lëtzebuerg
Polemesch Aussoe vun der DP-Deputéiert a Stater Schäffe Simone Beissel an enger Sendung vun der fréierer CSV-Politikerin Astrid Lulling kritt eng Suite.
Screenshot aus der Emissioun
Screenshot aus der Emissioun
© apart TV / Youtube

D’onofhängeg Medienautoritéit Alia huet eng Instruktioun opgemaach, esou d’Alia an engem Communiqué um Dënschdeg de Moien.

D’Sendung “Riicht Eraus” vum Astrid Lulling gëtt ënnert anerem op Apart TV iwwerdroen. D’Alia well iwwerpréiwen, ob d’Inhalter vum Programm konform si mat de Reegelen, déi fir audiovisuell Medien hei am Land gëllen.

D’Simone Beissel hat am Zesummenhang mam Heescheverbuet ënnert anerem ëmstridden Aussoen iwwert d’Roma a Sinti gemaach. Si huet sech doropshin hei op RTL fir d’Aart a Weis, ewéi si sech ausgedréckt huet, entschëllegt, mee ass inhaltlech op hire Positioune bliwwen.

PDF: Pressecommuniqué vun der ALIA

Back to Top
CIM LOGO