Den Toun a verschidde Wierder, déi ech gebraucht hunn, waren deplacéiert, mä am Eifer des Gefechts mécht een ebe Feeler, sou d'Simone Beissel op RTL.

"Mir fält awer keen Zack aus der Kroun, fir Feeler zouzeginn a mech z’entschëllegen. Dat sot d’DP-Deputéiert a Stater Schäffen Simone Beissel um Mëttwoch de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun, iwwert d’Polemik, déi rezent entstanen ass, wéinst Aussoen vun hir an engem Video zesumme mam Astrid Lulling iwwer d’Heescheleit an der Stad.

D’Simone Beissel sot do, datt d’Roma an d’Sinti de Problem wären. Datt dat ëmmer méi schlëmm gi wär an datt déi Leit ugrabschen, uspäizen an akesselen, wann ee keng Sue gëtt. Besonnesch eeler Dammen wären attackéiert ginn. D’Problematik wär reell an et hätt ee missen aktiv ginn, well ee soss net gehollef kritt hätt.

Den DP-Parteipresident Lex Delles hätt mat hir geschwat. Hie géif si scho laang kennen a wëssen, wa si riicht eraus Saache seet, géif se energesch schwätzen. Si wär direkt d’accord gewiescht, fir sech z’entschëllegen. D’Emissioun, déi hei an der Kritik steet, heescht iwwregens och “Riicht Eraus”. De Video huet d’Simone Beissel vun hirer Facebook-Säit geholl. D’Sendung zesumme mat der Astrid Lulling geet et awer weider. De Mëttwoch de Mëtteg gëtt déi nächst Folleg opgeholl.

An der Stad gëllt egal wéi elo vu moies 7 bis owes 22 op verschiddene Plazen an der Uewerstad an op der Gare en allgemengt Heescheverbuet. Déi “normal” Heescherte wären net viséiert, betount och d’DP-Deputéiert a Stater Schäffen. Den Inneminister Léon Gloden hätt just seng normal Aarbecht gemaach an e Reglement vun enger Gemeng validéiert. Hien hätt wëllen d’Situatioun kläre mat senge Moyenen. Ob et eng Base légale fir d’Reglement gëtt, do géif et verschidde Vuë ginn. Déi nei Justizministesch Elisabeth Margue wéilt dat jo klären.

D’Problematik vum Heesche wär ginn, huet d’Simone Beissel widderholl. Net nëmmen op ëffentleche Plazen, mä och am ëffentlechen Transport. De François Bausch hätt och als gréngen Transportminister kuerz virun de Chamberwalen e Gesetzprojet deposéiert, deen d’Heeschen (nieft villen anere Saachen) am ëffentlechen Transport verbitt.

Invité vun der Redaktioun: Simone Beissel

Update um Freideg

De Centre pour l'Egalité de Traitementseet sech schockéiert a verurteelt verschidden Aussoe vun der DP-Politikerin Simone Beissel am Kontext vum Heescheverbuet.

Datt eng ganz ethnesch Communautéit accuséiert géif ginn, hannert der organiséierter an aggressiver Mendicitéit  ze stiechen, dat wier problematesch.

Esou Aussoe géinge Stereotyppe verstäerken, Virurteeler fërderen a kéinten Diskriminatioun mat sech bréngen.

De CET condamnéiert et, datt eng ëffentlech Persoun sech esou verhält.

D'Stater Schäffin an Deputéiert hat rezent an der Emissioun "Riicht eraus" op Apart TV spezifesch d'Communautéit vun de Sinti a Roma ugeschwat. Si sot och, si géing den Heescherte kee Su ginn, mä se fidderen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.