
Um Site vun der Chamber sinn zanter e Freideg aacht nei Petitiounen online, déi bis den 28. November, op d’mannst 4.500 Signataire musse beienee kréien, fir dass et zu engem ëffentlechen Debat an der Plenière muss kommen.
D‘Fuerderunge gi vun méi flexibelen Auerzäiten an de Maison relaisen, iwwert den Télétravail, oder eng national Initiativ fir d’Diecher vu Bushaisercher ze beplanzen, bis hin zu enger Harmonisatioun vun sämtleche Krinn op den Tankstellen, mat deenen een Diesel kann tanken. Da gëtt och nach gefuerdert, datt d'TVA op dem CBD soll erofgoen, respektiv, datt dëse méi kontrolléier soll ginn. Da gëtt gefuerdert, datt ASBLe am Registre des Bénéficiaries sollen optauchen. Proprietäre sollen besser viru Syndice geschützt ginn, déi hire Besëtz verwalten an d'Gemenge sollen Plaze schafen, wou Gäert, déi der Allgemeng ze gutt kommen, kënnen entstoen.
Dernieft goufen och Datumer fixéiert, fir déi nächst 3 ëffentlech Debatten. De 7. November ass et déi iwwert de gratis ëffentlechen Transport fir Leit à mobilité réduite. Den 12. November iwwert gratis Waasser am Horesca-Beräich. An den 25. November ass et den Debat iwwert d’Petitioun 1188, iwwert eng Steierbaisse fir Celibatairen...