D'Asti ass frou driwwer, dass et bei de Walen am Oktober kee Rietsruck gouf, besonnesch wann ee gesäit wat an den Nopeschlänner geschitt, sot d'Presidentin vun der Auslännerorganisatioun Laura Zuccoli en Dënschdeg de Moien.
Et wier wichteg déi sozial Kohäsioun oprecht ze erhalen, sou eis Invitée vun der Redaktioun. Et misst transversal gehandelt ginn, souwuel wat d'Fro vun der Sprooch, vum Zesummeliewen, vun der Schoul an dem Logement betrëfft, awer och um Niveau vun enger Gemeng, dat heescht Brécke bauen. Eng Politik déi misst gefërdert ginn, sou d'Laura Zuccoli.
D'Integratioun hei am Land misst verbessert ginn, bei 24.000 Leit, déi all Joer nei an d'Land kommen, och wann der 10.000 d'Land nees verloossen. Wat den Demokratiedefizit ugeet, huet d'Presidentin vun der ASTI betount, datt déi Leit, déi hei wunnen, och solle representéiert sinn. 78% vun de Wieler ware virun iwwer 3 Joer géint en Auslännerwalrecht. Dat dierft awer keen Tabuthema sinn, och wann et dat am Walkampf war.
Och sollt de Conseil national des étrangers méi revaloriséiert ginn an d'Chamber mat Avise fidderen. Der Laura Zuccoli no misst och déi participativ Gesellschaft méi gefërdert ginn. Dat heescht schonn am Virfeld, ier Gesetzer solle gestëmmt ginn, Lëtzebuerg an Auslänner zesummebréngen a landeswäit kucken, dass déi Leit all kënne matschwätzen an hir Propositioune maachen.
D'Asti plädéiert och dofir, dass d'Residenzklausel vu fënnef Joer, fir bei d'Gemengewalen wielen ze goen, sollt ewechfalen.
Et sollt een driwwer nodenken ob ee Lëtzebuerger an Auslänner net einfach d'Office aschreift. Et wier een dat am Gaange juristesch ze iwwerpréiwen, sou nach d'Laura Zuccoli. Si hofft, dass sech déi nächst Regierung mat där Fro auserneesetzt. Bei den nächste Walen wieren d'Lëtzebuerger nämlech wahrscheinlech an der Minoritéit, wat ee schlecht Bild géif ofginn.
En Dënschdeg war d'Presidentin vun der Asti eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.