ChamberMéi Investitiounen a Suizid-Preventioun néideg

Maxime Gillen
Tabu-Thema an awer eigentlech omnipresent ass Rieds geet vum Suizid an dat war dann och Thema an enger Interpellatioun vum DP-Fraktiounschef Gilles Baum.

De Konsens ënnert den Deputéierten an och mat der Regierung war allgemeng grouss. Mental Gesondheet dierf net weider ënnerschat ginn an dofir muss an Zukunft och entspriechend doranner investéiert ginn.

Suizid/Reportage Maxime Gillen

Konkret goufen dann och eng Rei Punkten ugeschwat, bei deenen de Schong hei zu Lëtzebuerg nach besonnesch dréckt. Dorënner dee vum Manktem u Psychiateren hei am Land an dem Besoin, dës och hei kënnen ze forméieren. Den DP-Deputéierte Gilles Baum:  „Mir hunn an de leschte Méint ëmmer erëm vun de Penurien am Gesondheetssecteur geschwat. Psychiatere sinn hei besonnesch betraff. Et gëtt oft vum Parent pauvre de la médécine geschwat. Et ginn extreem Probleemer beim Rekrutement, dat hunn d'Psychiateren elo méi wéi eng Kéier zum Ausdrock bruecht. An den nächste 15 Joer kéinte mir 80 Prozent manner Psychiateren hei am Land hunn. Dat ass dramatesch, well haut schonn nëmme 25 Psychiatere Garden an de Spideeler assuréieren.“

E weidere Probleem ass dee vun der Prise en charge vu Consultatioune bei engem Psychiater, wéi d'CSV-Deputéiert Françoise Hetto-Gaasch betount a wou d'Gesondheetsministesch och wëlles huet, weider z'intervenéieren.

„Wien an enger déiwer Depressioun stécht, dee brauch an der Moyenne 12 bis 20 Seancë bei engem Therapeut. De Käschtepunkt läit ongeféier da bei 2.000 Euro. Vue datt Psychotherapie nach ëmmer net rembourséiert gëtt, obwuel d'Gesetz scho méi wéi 5 Joer a Kraaft ass, muss ee sech froen, wéi dann eng Persoun mat engem klenge Revenu dat do soll geschëllert kréien. Ech froen Iech heibannen: Mussen déi Leit e Prêt ophuelen, fir hir Therapie ze finanzéieren? Oder schloe mir endlech mat der Fauscht op den Dësch bei der CNS a soen, dass et elo duergeet mat deem Gepiddels an dass de Remboursement vun der Psychotherapie endlech soll stattfannen?“

„D'Prise en charge ass ausbaufäeg, muss ausgebaut ginn. Dat steet ausser Fro. Ënnert anerem de Besoin vun enger Filière Bas Seuil ass ervirgehuewe ginn. Dat ass e Mangel, dee mir hei hunn, en doudege Wénkel, wou ee kann norëschten. Dräi Méint Waardezäit an der Psychiatrie haut ass och keen Zoustand, dat ass ze laang, dat ass e Vide, dee muss gefëllt ginn.“

Ausserdeem misst och nach méi an d'Preventioun bei deene Jéngsten ënnert eis investéiert ginn, esou d'Fuerderung vun enger Rei Deputéiert. Eppes, wat dem Educatiounsminister Claude Meisch no, och weider géif op der Agenda stoen. Dat esouwuel duerch Social Media-Campagnen, Kriseninterventiouns-Ekippen oder och den Ausbau vu spezifesch geschoultem Personal an alle Schoulen.

Back to Top
CIM LOGO