Dr. HédoEt feelt u Psychiateren an un där néideger Finanzéierung hei am Land

Maxime Gillen
Et gëtt ze mann Psychiateren a beim Rekrutement gëtt et och Problemer aktuell.

Bei der Diskussioun ëm de Suizid zu Lëtzebuerg en Donneschdeg an der Chamber ass ee Punkt ëmmer erëm zur Sprooch komm an zwar, dass et hei am Land einfach ze mann Psychiatere gëtt. Aktuell ginn et hei am Land ronn 100 Psychiateren an d'Altersmoyenne läit bei 54 Joer. Dat heescht an deenen nächste 15 Joer ginn ongeféier 80 Prozent dovun an d'Pensioun an de Rekrutement vu jonke Psychiatere schéngt och immens schwéier. Wéi een dee Probleem kéint ugoen, hu mir de President vun der Societéit fir Psychiatrie, Pedopsychiatrie a Psychotherapie, Paul Hédo gefrot.

Dr. Hédo am Interview/Reportage Maxime Gillen

Dem Dr. Paul Hédo no hätt d'Disziplin vun der Psychiatrie als éischt emol en Attraktivitéitsproblem, ënnert anerem well d'Finanzéierung an deem Beräich relativ schlecht wier. Ausserdeem géife grad an de Spideeler d'Aarbechtskonditiounen ze wënschen iwwreg loossen, genee wéi d'Organisatioun vun de Garden.

Positiv wier awer, dass – wéi en Donneschdeg an der Chamber kloer ginn ass – e parteiiwwergräifende Konsens besteet, dass weider an déi psychiatresch Versuergung muss investéiert ginn. Och d'Regierung hat sech jo an de leschte Wochen e puer Mol an déi Richtung geäussert, ma ee wichtegen Acteur misst sech an där Fro nach beweegen, wéi den Dr Hédo betount.

"Elo bleift nach een aneren zentralen Acteur, dat ass d'CNS. D'CNS, do sinn awer alleguer déi Messagen nach net esou richteg gutt ukomm. Dat muss een awer och feststellen. Mir sinn elo am Gaangen, Verhandlunge mat der CNS ze féieren iwwert eis Nomenclature. Do ass elo Ufank Januar festgestallt ginn, dass et nach e Finanzéierungsbedarf gëtt, deen d'CNS den Ament nach net bereet ass ze ginn."

A fir dass d'CNS sech beweegt, misste sech nieft der Regierung och nach d'Sozialpartner kloer positionéieren.

"De President vun der UEL huet virun zwou Wochen op engem Radio gesot, dass hie sech géif Suerge maachen iwwert déi psychesch Gesondheet vun den Independanten, notamment Suizid hat hien zitéiert. Da mussen d'Patrone sech do och elo op der Krankekeess beweegen, da kënne si net soen, mir mussen eppes maachen an da maache mir awer näischt. An d'Salariatsvertrieder, mengen ech, déi wäerten dat jo och nëmmen ënnerstëtzen."

D'Demande no Psychiatere géif op alle Fall net erofgoen. Dat well mir an enger Gesellschaft géife liewen, wou d'Ufuerderungen a Belaaschtungen an deemno och déi psychesch Krankheete weider zouhuelen. Dem Dr Hédo no wäert déi psychesch Gesondheet eng vun deene groussen Erausfuerderungen an eise Gesellschaften an den nächste Joerzéngte sinn. Deemno missten déi néideg Moyene geschaaft ginn, fir no deene kranke Leit ze kucken.

Back to Top
CIM LOGO