RTL - Nei Sitten, nei AppenMéi iwwersiichtlech, méi schéin, méi Inhalt a méi dynamesch fir ënnerwee!

RTL Lëtzebuerg
Nodeems den RTL Today rezent 1 Joer gefeiert huet, kruten den RTL.lu an den RTL5minutes.lu um Mëttwoch nei Gesiichter!

RTL.lu ass online mat engem ganz neie Layout, wéi Dir jo grad selwer konnt feststellen! (Wann net, misst Dir d'App updaten oder frësch installéieren :-) )

Grad wéi um RTL5minutes.lu gëtt et fir eis User elo nach méi einfach ze navigéieren an et kann een nach vill méi séier an och méi verschidde Saachen entdecken fir ze liesen, ze lauschteren an ze kucken!

Den Head of digital content, den Olivier Treinen
Nodeems den RTL Today rezent 1 Joer gefeiert huet, kruten den RTL.lu an den RTL5minutes.lu um Mëttwoch nei Gesiichter!

Eis Inhalter presentéiere sech vun elo och dynamesch, dat heescht, si passe sech dem Format vun Ärem Browser um Computer, Smartphone oder Tablet un.

Bei eise franséische Kollege ginn et dernieft elo och vill nei Rubriken, méi Videoen, méi Meenungen a méi Lifestyle!

Nouveau site, nouvelle app: ça bouge sur RTL 5minutes! Är Meenung iwwer eisen neie Bëbee interesséiert eis natierlech. All Feedback kënnt Dir op d'Mailadress den.neien@rtl.lu schécken!

Back to Top
CIM LOGO