Energiewoche vum OekozenterMéi léieren iwwer nohaltege Wunnengsbau a wéi ee Ressourcen nach emol benotzt

RTL Lëtzebuerg
50% vun de weltwäite Ressourcë ginn an de Bausecteur. Wa Lëtzebuerg wëll méi nohalteg ginn, da muss dëse Secteur mat an d'Kreeslafwirtschaft agebonne ginn.
Energiewoche vum Oekozenter - Clever wunnen
50% vun de weltwäite Ressourcë ginn an de Bausecteur. Wa Lëtzebuerg wëll méi nohalteg ginn, da muss dëse Secteur mat an d'Kreeslafwirtschaft agebonne ginn.

Bei den aktuellen Energiewoche vum Oekozenter léieren Interesséierter méi iwwer den nohaltege Wunnengsbau, virun allem doriwwer, wéi ee Ressourcen nach emol benotzt.

Clever wunnen/Reportage Nadine Kremer

Am Ufank stoung bei den Energiewochen d'Energieeffizienz am Mëttelpunkt. No 15 Joer ass ee sech eens, dass ee muss méi wäit goen. Dofir gëtt elo och gekuckt, wéi vill Energie an der Produktioun vun de Baumaterialie stécht a wéi eng Ressourcë méi ëmweltfrëndlech sinn.

Bei den Energiewoche kann ee Chantiere vun ekologeschen Haiser kucke goen a mat de Bauhären iwwer d'Ënnerscheeder an hir Erfarunge schwätzen, erkläert d'Thécla Kirsch vum Oekozenter.

"Wéi gesäit esou eng Konstruktioun aus am 1 zu 1? Wéi ginn déi ekologesch Baumaterialie verbaut? Wat kann ee sech dorënner virstellen? Och bei der Haustechnik, nohalteg Haustechnik. Wat ass dat alles? Wéi vill Plaz hëlt dat an?"

Gebaier hunn hautzedaags eng Liewenserwaardung vu 40 Joer. D'Iddi vum nohaltege Bauen ass net, méi oder manner ze bauen, mee méi clever. Recycele wier schonn ee gudden Ufank. Mee och dobäi gëtt Energie verbraucht. D'Stéchwuert wier dofir éischter d'Recuperatioun vu Materialien.

"Et ass wierklech eng ganz linear Geschicht. Mir verbrauche vill an da geheie mer vill ewech an da verbrauche mer erëm vill. Dat ass e bëssen de Sënn vun der Kreeslafwirtschaft, dass een higeet a seet: déi Ressourcen, déi mir do dra stiechen hunn, do musse mer kucken, datt mir déi erëm erauskréien. Do musse mer kucken, wéi mir déi Saache matenee verbauen, esou datt ee se herno nees vunenee getrennt kritt."

Et misst ee beim Bauen op verschidden Detailer oppassen. Gëtt e gutt geplangte Gebai ëmgebaut, kënnen d'Baustoffer tel quel recuperéiert ginn a si verléieren net u Wäert.

Wichteg wier, dass ee vill verschidden Zorten u Wunnengen ubitt, fir dass jiddereen eppes no senge Virstellungen fënnt. D'Architektin Lisi Teisen plangt zum Beispill vill mat Holz.

"Mir hunn duerchgoend am Fong gutt Erfarunge gemaach a fërderen dat och. Dat, wat een nach e bësse misst kucken, ass, datt nach méi lokal Firmen den Holzbau kënnen ubidden. Mee ech denken, do ass den Drock elo esou gewuess, datt och do d'Offer ëmmer méi grouss gëtt."

D'Nohaltegkeet géif fir den Notzer keen Ënnerscheed am Wunn-Confort maachen, esou d'Architektin weider. D'Gebaier wieren dacks méi kompakt, mee dat géif hir Attraktivitéit net limitéieren. Am Géigendeel, et géif Plaz spueren an en Vue vum grousse Besoin u Logement am Land wier eng kompakt Bauweis sënnvoll.

Back to Top
CIM LOGO