Gemengerot EttelbréckMéi Sue fir d'Nordstad gefuerdert

Marc Hoscheid
Iwwert all d'Parteigrenzen ewech gouf e Méindeg eng Deliberation concordante ugeholl, an där méi Sue fir d'Nordstad gefuerdert ginn.

Am “Programme directeur de l’aménagement du territoire” sinn Dikrech, Ettelbréck an Ierpeldeng-Sauer als “Centre de développement et d’attraction d’importance nationale” ausgewisen. Dee Status huet och Esch-Uelzecht, mee déi dräi Nordgemenge kréien awer net déi selwecht finanziell Ënnerstëtzung duerch de Staat. D’Fuerderung no méi Suen ass net nei, ma elo gëtt een neien Ulaf geholl. Den Ufank huet e Méindeg den Owend Ettelbréck gemaach.

12/12/2023 BAND CDA Nordstad 12h30 (online)

Unanime hunn déi 13 Gemengeconseillere fir déi entspriechend Deliberation concordante gestëmmt, nieft der LSAP-CSV-Majoritéit also och d’Oppositioun aus DP an déi Gréng. Am Dokument gëtt gefuerdert, datt Dikrech, Ettelbréck an Ierpeldeng-Sauer genee wéi Esch zousätzlech zu deene Suen, déi se aus dem Fonds de dotation globale kréien, vun 2024 u weider 25 Prozent fir d’Population ajoustée erhalen. Den Ettelbrécker Buergermeeschter Bob Steichen iwwert d’Envergure vun där Mesure.

“De Fonds de dotation globale ass u sech déi gréisste staatlech Recette fir d’Gemengen. Déi gëtt verdeelt a bei där Verdeelung mécht d’Populatioun u sech 82 Prozent aus. Dat heescht, wann déi 82 Prozent nach eng Kéier mat 25 Prozent multiplizéiert ginn, da géif dat, um Beispill vun Ettelbréck, awer eng zousätzlech Dotatioun vu ronn 7,1 Milliounen Euro pro Joer bedeiten.”

Fir Ettelbréck wieren dat vill Suen, ëmmerhin hätt een an der Budgetsprevisioun fir d’nächst Joer ee méiglechen Emprunt an Héicht vu 24 Milliounen Euro virgesinn. Am “Programme directeur de l’aménagement du territoire” geet zwar vun der Nordstadfusioun rieds, mee den Zesummeschloss ass awer keng Konditioun fir déi dräi Gemenge vum CDA d’importance national. Dem Bob Steichen no ass d’Fusioun tëscht Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren weider d’Zil. Ma elo scho géifen déi dräi Kärgemenge regional Aufgaben iwwerhuelen.

“D’Presenz vun de Lycéeën, zwou Klinicken, déi hei zu Ettelbréck sinn, eng ganz Partie Verwaltungen, déi hei an der Regioun Ettelbréck-Dikrech sinn. Do gëtt schonn déi Roll iwwerholl, natierlech ass dat och alles mat villen Onkäschte verbonnen. Ech hu virdrun am Gemengerot ee Beispill genannt, mir si jo stolz drop, datt mer ee CAPE hei zu Ettelbréck hunn, datt mer och mat deem eng national Ausstralung hunn, mee dat ass natierlech och mat Käschte verbonnen.”

Sou géifen de CAPE an de Conservatoire d’Gemeng pro Joer insgesamt ronn véier Milliounen Euro kaschten. En Donneschdeg gëtt zu Dikrech an e Freideg zu Ierpeldeng-Sauer iwwert déi selwecht Deliberatioun wéi e Méindeg zu Ettelbréck ofgestëmmt. Dono läit de Ball da beim Minister fir Affaires intérieures, Léon Gloden. Eng Entrevue fir Ufank d’nächst Joer hunn déi dräi Buergermeeschteren aus dem Norde schonn ugefrot.

Hei déi ganz Deliberation concordante:

Deliberation concordante Gemengerot Ettelbréck 1. Deel

Back to Top
CIM LOGO