
Kuerz no 18 Auer en Donneschdeg den Owend war um CR119 tëscht Allënster a Kéideng eng Persoun mat hirem Motorrad gefall. Wéi d’Police schreift, wier de Motocyclist op enger Streck mat ville Kéiere vun der Fuerbunn ofkomm an hätt sech mat sengem Moto am Gruef iwwerschloen. De Motocyclist gouf dobäi blesséiert. Hie gouf vun de Rettungsdéngschter vu Jonglënster versuergt, éier hie fir eng Kontroll an d’Spidol koum.
Tëscht Diddeleng a Beetebuerg hat um CR161 géint 21.20 Auer eng Camionnette gebrannt. Hei blouf et beim Materialschued. D’Pompjeeë vun Diddeleng hunn d’Feier geläscht. De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht domat beoptraagt, d’Ursaach vum Feier ze klären.
Da mellt de CGDIS nach en Accident mat zwee Ween tëscht Beetebuerg an Helleng, datt géint 11.30 um Freideg, hei gouf eng Persoun blesséiert. Änlech Situatiounen dann och tëscht Beyren a Menster esou wéi zu Ettelbréck. Tëscht Féngeg an Héiweng krute sech dann e Motorrad an en Auto ze paken. Hei gouf eng Persoun blesséiert.