
Dofir huet eng Société d’impact sociétal gegrënnt, déi kee kommerzielle Benefice däerf maachen. D'Genosseschaftsmemberen hunn 1.000 Euro fir eng Aktie abezuelt. D'Decisioune ginn zesummen an demokratesch geholl. D'Cristina Nuñez ass voller Energie:
"Ça sera la première coopérative qui va réussir à construire un bâtiment de logement abordable, et je dis on va réussir parce qu'on est un groupe de personnes, 25, 27, je crois, 15 appartements. Très, très motivé, très, très engagé, pas seulement pour construire notre appartement abordable, mais surtout pour contribuer à changer le panorama assez difficile du logement à Luxembourg.”
D’Genossenschaftler sinn eng international Trupp aus Lëtzebuerger, Spuenier, Schwäizer, Ägypter, Chinesen, Hollänner, Armenier, Polen, ...
“Et ça veut dire donc de réussir aussi à résoudre des problèmes, à résoudre des possibles conflits, parce qu'il y en a toujours, donc la diversité, ça veut dire qu'il y aura des positions différentes, et donc on est déjà en train de travailler sur ça, et donc on est motivé aussi pour faire que ça ça soit durable, et que des autres coopératives puissent être inspirées, aussi aidées par nous.”
Zanter datt si virun engem Joer hiren Dossier beim Appel à projet vun der Agora ofginn hunn, hu si Formatiounen an Ateliere matgemaach, fir sech dat Wëssen unzëeegnen, wat si brauchen, fir d’Genosseschaft an och de Bau vum Projet zu engem Succès ze maachen. Dobäi kréie si d’Ënnerstëtzung vun der Agora, déi och Garant bei de Banken ass, fir d’Prêten, déi musse gemaach ginn.
De Projet ass eng Mëschung tëscht “normalem” an abordabelem Wunnraum, fir déi et, wéi bei anere Projeten och, 75 Prozent Aide à la pierre vum Logementsministère gëtt. Och d’Locatairen, déi net onbedéngt all Genosseschaftler sinn, kënnen no den nämmlechte Reegele vun Logementsaidë profitéieren.
De Logementsminister Claude Meisch seet, et wéilt een de Projet enk suivéieren, fir draus ze léieren an der Hoffnung, datt weider Cooperativen entstinn.
"Mir denke schonn, datt dat och eng Äntwert, sécherlech net déi eenzeg Äntwert, mee eng Äntwert op eis Wunnengssituatioun an op eis Wunnengskris ka sinn.”
Et misst een elo kucken, ob nach weider politesch Begleitmechanismen noutwenneg sinn, fir datt et Cooperativë méi einfach kréien a sech kéinten nieft de kommerziellen, de staatlechen an de karitativen Acteuren zu engem weidere Pilier um ugespaante Lëtzebuerger Wunnengsmaart entwéckelen, justement, well se sech der Logik vum Marché entzéien, esou de liberale Logementsminister.
“A wann ech soen, der Marchéslogik entzu sinn, dat ass, datt et eeben net mam Hannergedanken ass, elo investéiere mer hei a mir verkafen iergendwann eng Kéier mat Plus-value an deen nächsten, deen der kaf huet, jo, dee muss da kucken, datt en nach méi en deiere Prêt ophëlt an datt en nach méi laang u sengem Prêt bezilt oder datt en nach méi vu sengem Salaire muss fir de Prêt opbréngen. An dat géif eisem Wunnengsmaart sécherlech gutt zu Gesiicht stoen, wa mer méi där dote Projeten hätten, fir en Equiliber ze fannen tëschent deenen eenzelen Acteuren.”
D’Genosseschaftler vun der Co-op 01 rechnen domat, 2029 kënnen eran ze plënneren. Wann hire Projet geléngt, hofft ee bei der Agora, datt se e Modell fir Cooperativen op der Metzeschmelz kéint ginn.