Invité vun der Redaktioun (28. September)Meisch: Néierens feelt en Enseignant, mä Audit geplangt

RTL Lëtzebuerg
Den Educatiounsminister war Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg um 10 op 8.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Claude Meisch
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

All d'Stonne sinn assuréiert. Néierens feelt en Enseignant. Iwwer d'Joer wäert awer nach en Challenge kommen, fir Remplaçanten ze fannen. Dat sot den Educatiounsminister um Donneschdeg de Moien am RTL-Interview iwwert de Problem, datt Léierpersonal feelt. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

De Claude Meisch sot, hien hätt d'Impressioun, datt awer iwwerdriwwe gouf, deels zu Onrecht Panik gemaach gouf.

Hie wär awer nach ëmmer geschockt, wa virun zwee Joer seng Servicer gesot hätten, mir hätten eng „Lehrerschwemme“ a quasi ofgerode gouf an den Enseignant-Beruff ze goen. Elo gesäit et ganz anescht aus. Do ass intern eppes falsch ageschat ginn, gëtt de Minister zou.

Et gëtt och eng extern Firma mat engem Audit beoptraagt, fir erauszefannen, wéi et iwwerhaapt zu där Situatioun konnt kommen, datt eben elo Personal feelt.

Eng vun den Ursaache fir den Enkpass kéint iwwregens sinn, datt vill Kandidate sech decidéiert hätten, fir nom Bachelor nach e Master ze maachen.

Un der Politik, déi och méi „enseignantsintensiv“ ass, wëll de Minister näischt änneren. Dat Gutt un der aktueller Situatioun wär, datt ee géif mierken, datt nach Reserven do sinn, fir den Ersatz qualitativ ze verbesseren. Personal aus de Maison Relaise kéint mobiliséiert ginn a beim pensionéierte Léierpersonal wär och Interessi do, fir auszehëllefen. Ugeschriwwe goufen elo mol déi Léierinnen a Schoulmeeschteren, déi déi lescht 5 Joer an d'Pensioun gaange sinn.

Den Educatiounsminister war Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg um 10 op 8.

Réckendeckung fir den Educatiounsminister

De Collège des Directeurs wëll mat all senger Kraaft d'Efforte vum Ministère ënnerstëtzen, fir op d'Schwieregkeeten anzegoen, wat de Problem vun de Remplaçanten am Fondamental betrëfft.

Dat geet aus engem Communiqué ervir, deen de President vun dem nei geschaafte Gremium, Georges Ney, um Donneschdeg de Moie verschéckt huet.

DOC: Communiqué Collège des Directeurs.

Back to Top
CIM LOGO