
Op Grond vun eisem Standuert ass d’Mëllechproduktioun hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer d’Haaptstandbeen vun de lëtzebuergesche Betriber.
Mat der Aféierung vun de Mëllechquoten am Joer 1984 gouf d’Iwwerproduktioun vun der Mëllech reglementéiert, eng Situatioun mat där sech d’lëtzbuerger Baueren ageschränkt gespiert hunn.
Mat dëser Grenz, hu sech eng Partie Betriber aus der Landwiertschaft zeréckgezunn oder sech fir nëmmen nach eng Zort vu Produit entscheed.
Trotz enger gewëssener Präisstabilitéit, ass duerch dëse Strukturwandel, d’Unzuel vun de Bauerebetriber ëm quasi 2/3 gefall.
Well d’Mëllechbaueren – mat der Ausnam vum spéidere Quotenhandel – hir Produktioun net an d’Luut dreiwe konnten, hu si probéiert mam techneschem a geneteschem Fortschrëtt, d’Leeschtung vun hire Kéih ze verbesseren. Sou konnten si Revenuen verbesseren a Käschte spueren.
Sou ass d’Mëllechproduktioun tëscht 1985 an 2017 vu 4.400 op 7.350 kg/Kouh/Joer geklommen.
De Bauerebetrib muss sech mat folgenden ekonomesche Problemer auserneen setzen:
De Beruff vum Bauer ass also dee vun enger grousser Entreprise ginn, wou Fuerschung, technescht a wiertschaftlech Wëssen néideg ass.