Riets vun der CSV, lénks vun der adr. Do gesäit de Joe Thein seng Partei „Déi Konservativ“, déi mat enger Lëscht am Süden an d'Wale geet.
Den Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Mueren sot, Déi Konservativ wieren eng authentesch Partei, déi sech kloer zu eppes géif bekennen, am Géigesaz zu den etabléierte Parteien.
Virop, gesäit de Joe Thein seng Partei als en Affekot vun der Lëtzebuerger Sprooch. Hei am Land wier een nach net an enger nationaler Identitéitskris, mä d’Lëtzebuerger Sprooch muss vill méi fokusséiert agesat ginn, fir datt een och ni an esou eng géif geroden. D'Villsproochegkeet wier awer wichteg, sou de Joe Thein weider, dee seng Partei och als pro-europäesch bezeechent. Et wier een awer fir en anert Europa, en Europa vun den Natiounen.
A Punkto Logement géifen Déi Konservativ verstäerkt op soziale Wunnengsbau vum Staat setzen an d'Mobilitéitsproblemer kéint een duerch e Monorail reduzéieren.
Bei der Schoulpolitik wier an de leschte Legislaturperioden, „vill sabotéiert“ ginn, sou nach de Joe Thein, deen e fundamentale Changement fuerdert, an e finneschen Educatiounsmodell wëll, also eng leeschtungsorientéiert Gesamtschoul.
D’Lëtzebuerger Sprooch muss awer vill méi fokusséiert agesat ginn, fir dass mer och ni an eng national Identitéitskris geroden.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.