Den Haaptacteur vum Owend, de Marcel Humbert, ass um Mësstrauensvott net opgetaucht. De Concernéierten huet de Covid, deelt de Jean Weiler (CSV) vun der Oppositioun mat. LSAP an déi Gréng, bis ewell d’Majoritéit am Keel-Téitenger Gemengerot, wousste bis kuerz virum Vott näischt dovunner. De Marcel Humbert (LSAP) gëtt um Mësstrauensvott vum Jean Weiler vertrueden. D’Oppositioun hätt net gewosst, dass de Marcel Humbert de 16. Dezember géint seng eege Partei ofstëmme géing.
“Dat ass allerhand”, sou de Buergermeeschter John Lorent géintiwwer dem Conseil an de Bierger. Dës Meenung deelt och de Schäffe Marco Lux: “Hien ass responsabel fir dëse politesche Skandal an da kënnt en einfach net. Et ass en Desaster. D’LSAP ass Affer gi vun enger Intrig. Et ass en Verréider aus den eegene Reien. [...] Mir als LSAP sinn frou, dass dëse Mann (Marcel Humbert) fort ass.”
Beim Mësstrauensvott goufen et 7 Stëmmen dofir. 6 Stëmme vun der Oppositioun CSV an DP an d’Stëmm vum Marcel Humbert. 6 Stëmme vun der LSAP an Déi Gréng waren dogéint.
Nom Gesetz muss dann elo en neie Schäfferot an domat och en neie Buergermeeschter gewielt ginn. Mat der aktueller Stëmmenopdeelung géifen dann CSV an DP d’Majoritéit ginn.
Net richteg fannen dat déi Gréng an d’LSAP. D’LSAP fuerdert den Marcel Humbert op, der Partei säi Sëtz zeréck ze ginn. Déi Gréng fuerderen iwwerdeems Neiwalen a wëllen de Bierger d’Decisioun iwwerloossen. Alles aneres wier Mandatsklau.
Den CSV-Conseiller Jean Weiler, deen am Fall vun enger schwaarz-bloer Majoritéit wuel de Buergermeeschterposten géif iwwerhuelen gesäit dat anescht a schwätzt sech dofir aus, sou séier wéi méiglech eng Koalitioun op d’Been ze kréien. Neiwalen organiséieren, géif ze laang daueren.
De Marcel Humbert huet matgedeelt, nächst Woch, wann hien nees geheelt ass, e Statement wëllen ofzeginn.
Schonn Enn 2020 koum et am Keel-Téitenger Gemengerot zu Diskussiounen. Den deemolegen LSAP-Schäffe Marcel Humbert ass aus dem Schäfferot zeréckgetrueden. Dat wier awer keng perséinlech Entscheedung, mee d’Decisioun vun der Partei, betount de Marcel Humbert bis haut. Hie misst Plaz maache fir de Marco Lux (LSAP).
Dës weideren huet och de Buergermeeschter John Lorent (LSAP) viru kuerzem matgedeelt, dass hien demissionéiert. Seng Demissioun gëllt offiziell vum 1. Januar 2022 un. Hie bleift awer als Buergermeeschter am Amt, bis en Nofollger gewielt ass.
De 16. Dezember 2021 koum dunn déi grouss Iwwerraschung beim Vott iwwert de Budget fir d’Joer 2022. Dëse gouf nämlech ofgeleent, mat 7 Stëmmen dogéint an 6 Stëmmen dofir. Nieft den Oppositiounsparteien CSV an DP huet nämlech och de Marcel Humbert (LSAP) mat Nee ofgestëmmt. Grond dofir wier d’Vertrauen an den aktuelle Schäfferot, dat géing feelen.
An der selwechter Sëtzung hunn déi 6 Oppositiounspolitiker an de Marcel Humbert eng Mësstrauensmotioun iwwerreecht. D’Konsequenz dovunner war de Mësstrauensvott um Mëttwochowend.
Dass d’Oppositioun zesumme mam Marcel Humbert genuch Stëmmen hat, fir géint de Budget ze stëmmen, bréngt e puer Problemer mat sech. Soulaang keen neie Schäfferot en place ass a keen neie Budgetsplang ausgeschafft ass, dierf d’Gemeng just nach ordinär Depensë maachen. Dat heescht, dass just nach dat finanzéiert gëtt, wat mat engem Kontrakt fixéiert gouf. Investitiounen an nei Projeten, wéi zum Beispill eng Schoul an zousätzlech Subsiden, déi virgesi waren, dierfen deemno net gemaach ginn. Dat wäert e puer Projeten op Äis leeën.
Wéini dann en neie Schäfferot gewielt ass an en neie Budgetsplang gestëmmt ka ginn, ass nach net gewosst. Wann d’Parteie sech bei der Wal vum Schäfferot net eens ginn, da kënnt een an der Gemeng Keel-Téiteng net laanscht eng Neiwal.