WemperhaartMetallschrott bei Shoppingzenter geklaut

Andy Brücker
Täter si geflücht, wéi e Sécherheetsbeamte se entdeckt huet.
Sou vill Metall wéi op dëser Foto louch warscheinlech net beim Shoppingzenter, ma trotzdeem war et interessant genuch fir d'Brigangen, fir sech zerwéieren ze goen.
© PAUL EDMONDSON/Mint Images via AFP

E Sonndeg de Mëtteg géint 12 Auer krut d'Police gemellt, dass bei engem Akafszenter op der Wemperhaart / Wäiswampech aalt Metall geklaut gouf. Éischten Informatiounen no sinn zwee Täter mat hirem Gefier bäigefuer an hunn dunn ugefaangen de Metallschrott an hire Won ze lueden. Wéi e Sécherheetsbeamte se ugeschwat hunn, hu se sech duerch d'Bascht gemaach.

Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO