
MeteoLux gëtt wéinst dem staarke Wand, deen hinnen no bis zu 70 Kilometer an der Stonn séier ka ginn, eng Alerte Jaune eraus. Kachelmann Wetter geet do nach e bësse méi wäit. Hinnen no kann de Wand eng Spëtzevitess vun 80 km/h dropkréien, dat op deene Plazen, wou et och reent. D’Temperature leien tëscht 7 a 4 Grad.

E Sonndeg ass dann nach ëmmer nees mat vereenzelte Schaueren ze rechnen, och wann et manner naass wäert ginn, wéi nach e Samschdeg. Géint der Owend wäert de Risiko vum Reen awer nees klammen. De Wand bléist dann nach mat bis zu 40 Kilometer an der Stonn, dat bei 6 bis 9 Grad, an der Géigend vun der Musel och Mol gären 10 Grad.
Ugangs der Woch ass ëmmer nees mat Wolleken a Schaueren ze rechnen, dat bei deelweis iwwer 10 Grad. En Donneschdeg da soll et aus der Siicht vun haut méi dréche bleiwen, awer och méi kal mat maximal 5 Grad.