Hiewanen"Mëttelfristeg geet et net laanscht e Gebuertshaus"

Claude Zeimetz
No der stënterlecher Fermeture vun der Ettelbrécker Maternité hätten d'Hiewane verstäerkt Uriff vu Frae kritt, déi doheem accouchéiere wëllen.
© AFP (Archiv)

Situatioun Hiewanen / Reportage Claude Zeimetz

Dat sot en Donneschdeg de Moien d’Presidentin vun der Associatioun vun den Hiewanen Nadine Barthel am RTL-Interview. Si fënnt, datt grad elo de Moment komm wier, fir d’Gebuertshëllef hei am Land z’iwwerdenken. Wéi et zu Ettelbréck weidergeet, dovunner wëssen d’Hiewanen um Terrain all Zäit bis elo rose wéineg.

“Fir de Moment wësse mir näischt. An déi Ettelbrécker Hiewane wëssen näischt. Et weess kee fir den Ament richteg wouhinner et higeet”, sou d’Nadine Barthel en Donneschdeg de Moien. D’Hiewane soe sech, och e puer Deeg no der Nouvelle, nach ëmmer schockéiert driwwer, datt den Ament kee méi zu Ettelbréck säi Kand kann op d’Welt bréngen, well d’Maternité vum Nordspidol duerch e Manktem u Spezialisten net méi konform zum Spidolsgesetz ass. Déi betraffe Frae ginn den Ament an de CHL oder an d’Bohler geschéckt. Eenzelfäll géif een do sécher gestëmmt kréien.

“Wann et der awer elo méi ginn, dann huet een net genuch Better. Weder op där enger, nach op där anerer Plaz.”

Den Ament hätten d’Hiewanen zu Ettelbréck nach genuch Aarbecht, mä sollt d’Maternité do méi laang zoubleiwen, misst ee kucken, wat mat e geschitt. Si einfach als Infirmièren asetzen wier duerch hir speziell Formatioun nämlech keng Optioun. D’Hiewane fäerten, datt no Wolz an Ettelbréck och d’Maternité am Chem kéint zougemaach ginn. Dat misst op alle Fall verhënneren. Déi zou kleng Maternitéë missten opbleiwen.

“Mir hoffe ganz staark, datt beim Chem antizipéiert gëtt. Datt déi Iwwerleeungen, déi elo beim Hôpital du Nord gefouert ginn, scho virdru gefouert gi beim Chem. An deen net dat selwecht riskéiert wéi Ettelbréck.”

De Chem ass mat manner wéi 1500 Gebuerten d’Joer an deem selwechte Fall wéi d’Nordspidol.

Gebuerten eleng op d’Stad ze zentraliséieren, wier op alle Fall keng gutt Léisung. Vill méi sollt een elo op de Wee goen, fir d’Gesetzer esou z’adaptéieren, fir endlech och zu Lëtzebuerg e sougenannt Gebuertshaus, als Alternativ baussent dem Spidol, opzemaachen. Déi nei Attributiounen an Nomenclature aus dem Februar hätten do scho grouss Fortschrëtter bruecht.

“Wou rëm eng Kéier erlaabt, datt d’Hiewane fir Gebuerten doheem en Tarif hunn. Do hu mir an deem Tarif eigentlech drastoen, datt en “accouchement extrahospitalier” ka stattfannen. An dat kéint op all Plaz zu Lëtzebuerg sinn. Dat heescht bei der Fra doheem, an der Praxis vun der Hiewan oder an engem Gebuertshaus.”

Elo misst wéi gesot just nach d’Gesetz geännert ginn. D’Hiewansassociatioun seet sech zouversiichtlech, datt dat effektiv elo geschitt.

D’Nouvelle, datt d’Maternité zu Ettelbréck vun engem Moment op deen Aneren zougemaach gouf, huet zanter dem Ufank vun der Woch fir vill Reaktioune gesuergt. Nieft der CSV hunn och Deputéiert vun déi Gréng an d’DP parlamentaresch Froen iwwert d’Prise en charge vun de Mammen an d’Maternitéë gestallt. Froen, déi der LSAP aus dem Norde sauer opstoussen: Déi aner Majoritéitsparteien hätten net u Kritik un den zoustännege Ministère gespuert, ouni déi genee Hannergrënn z’erklären an ouni konkret Léisungsvirschléi ze maachen, sou d’Sozialisten. Eng Pist ass de Service vum sougenannten “Samu néonatal” auszebauen.

Back to Top
CIM LOGO