De Mike Koedinger, CEO a Fondateur vum gréissten onofhängege Medienhaus hei am Land – Maison Moderne, hält als Direkter op. Virun iwwer 20 Joer huet en d'Entreprise gegrënnt. Elo wëll hien nei Weeër goen, ma dem Haus awer erhale bleiwen, sot hien en Donneschden de Moien als Invité vun der Redaktioun.
Hien hätt d'Entreprise am Alter vu 24 Joer gegrënnt, eng Entreprise, déi haut 100 Mataarbechter géif zielen. Symbolesch wär dëse Chiffer och e gudde Moment fir d'Gerance ze changéieren. Et wär dann net méi dee passionéierte Grënner, mä méi eng Persoun, déi d'Firma mat méi Sachlechkeet a méi Distanz kéint leeden. Dem Mike Koedinger no wär de Changement gutt fir d'Clienten, d'Lieser an och d'Mataarbechter. Et wär net gutt, wann eng Entreprise ze laang vun enger Persoun géif dirigéiert ginn.
Mat 46 geet een net an d'Préretraite, sou de Mike Koedinger. Mä hien huet eng grouss Motivatioun fir weider ze maachen. Just eben anescht.
Hie bleift Haaptactionnaire. A wëll kucken, wéi Maison Moderne am Ausland sech ka weider entwéckelen. Well sou e Business-Modell wéi eise gëtt et tel quel net am Ausland, seet den Nach-CEO.
Vun en Donneschden u gëtt bis d'Enn dës Joers e Successeur gesicht, en neie CEO fir Maison Moderne, an dat europawäit.
En Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war de Grënner vun der Maison Moderne Invité vun der Redaktioun.