Wéinst dem Tram-ChantierMilitärparad um Nationalfeierdag um Kierchbierg an net op der Gare
D'Militärparad, den 23. Juni, ass dëst Joer um Kierchbierg an der Avenue John F. Kennedy an net wéi gewinnt an der Avenue de la Liberté.
Dat wéinst dem Tram-Schantjen, wéi d'Lëtzebuerger Wort mellt.
Wéi RTL confirméiert krut, kënnt d'Éierentribün op den Eck vun der Rue Erasme an der Avenue John F. Kennedy.