
Déi nei CSV-Justizministesch Elisabeth Margue wëll den Austausch mat de concernéierten Acteure sichen, wat d’Aféiere vun der Comparutioun immédiate ugeet. Si géing d’Zweiwel vu verschiddenen Deputéierten zu deem Thema verstoen, ass um Internetsite vun der Chamber ze liesen no enger Reunioun vun der Justizkommissioun.
Si wéilt e Wee fannen tëschent dem Respekt vun de Rechter vun der beschëllegter Persoun an der Effikassitéit vum System. D’Ministesch huet donieft verséchert, datt och si géing dru festhalen datt an Zukunft keng Mineure méi sollen an den Erwuesseneprisong kommen. Nach dës Woch war nees e Mannerjäregen op Schraasseg placéiert ginn.