Matdeelung vun Delhaize"Mini raw cakes" net nom 18. Januar consomméieren

RTL Lëtzebuerg
Delhaize huet matgedeelt, dass dëse Produit eng Etikett mat engem falschen Oflafdatum huet.
© Delhaize

D’Supermarchéschaîne huet dann och elo decidéiert, dëse Produit aus senge Regaler ze huelen. Den Oflafdatum vum 10. Abrëll, deen op de Produite steet, stëmmt hei net. De Produit selwer ass just bis den 18. Januar ouni Bedenken ze genéissen, dono net méi.

Persounen, déi de genannte Produit kaaft hunn, sollen dësen op kee Fall nach consomméieren, ma kënnen dësen an de Supermarché zeréckbréngen, wou se en hier hunn rembourséiert ginn. Aner Produiten aus dem selwechte Sortiment kënnen awer ouni bedenke giess ginn.

Infoe vum Produit:


Nom : Mini raw cakes
Marque : Nats
Code EAN : 5400119547673
Date de péremption (incorrecte) : 10/04/2023
Date de péremption (réelle) : 18/01/2023
Numéro de lot : 20123
Période de commercialisation : du 13/01/23 au 19/01/23
Poids : 176g

Back to Top
CIM LOGO