Gewerkschaften haten urgent Reunioun gefuerdertMinister Bausch annoncéiert Aviatiouns-Tripartite fir Enn September

RTL Lëtzebuerg
D’Gewerkschaften OGBL, LCGB an NGL-Snep sinn entsat iwwert den aktuell enormen Aarbechtspensum, deen d'Salariéë bei der Luxair musse leeschten.
© Christophe Hochard / RTL (Archiv)

Déi dräi Syndikater hunn dowéinst eng urgent Reunioun vum Suivi-Comité vun der Aviatiouns-Tripartite gefuerdert. Et misst dréngend gekuckt ginn, wéi een d’Aarbechtskonditioune kéint verbesseren.

D’Reaktioun vun der Luxair-Direktioun wier bis ewell nämlech ausbliwwen, oder net effikass genuch, heescht et an engem gemeinsame Schreiwes vun en Dënschdeg de Moien.

D’Revendicatioun vun de Gewerkschafte gouf gehéiert: de 26. September kënnt et zu enger Aviatiouns-Tripartite - eng Reunioun, déi virgezu gëtt. Datt d’sektoriell Dräier-Ronn beienee kënnt, huet den Transportminister François Bausch RTL géintiwwer confirméiert.

De Minister preziséiert, datt an dëser Reunioun keng Gespréicher iwwert Paie gefouert ginn, wëll d’Tarif-Autonomie an d’Matbestëmmungsrecht géif spillen.

Villméi géing analyséiert ginn, wéi déi aktuell Situatioun bei der Luxair ass, wat d’Perspektive sinn a wéi een dem Manktem u Personal kann entgéintwierken.

De grénge Minister wëll zesumme mam Aarbechtsminister, Gewerkschaft an der Direktioun och an der Tripartite klären, wéi d’Deelzäitaarbecht an Zukunft kéint weider bei der Luxair zum Droe kommen.

Och d’CSV hat ewell den Transportminister gefrot, fir an der zoustänneger Chamberkommissioun op déi aktuell problematesch Schaffkonditioune bei der Luxair ze schwätzen ze kommen.

De Staat hält ënner anerem aktuell 39 Prozent vun de Luxair-Part’en, d’Spuerkeess huet 22 Prozent an déi italienesch Holding Dolfin huet 13 Prozent am Aktionariat vun der Airline.

Back to Top
CIM LOGO