Méi bauen, manner ProzedurenMinister Meisch erkläert Chamber d’Logements-Prioritéite fir déi nächst 5 Joer

Pit Everling
Monique Kater
Ënner anerem wëll Schwaarz-Blo à court terme steierlech Adaptatioune maachen, fir der Kris um Bau entgéint ze wierken.
Méi bauen, manner Prozeduren
Ënner anerem wëll Schwaarz-Blo à court terme steierlech Adaptatioune maachen, fir der Kris um Bau entgéint ze wierken.

D’Kapitel Logement ass mat 11 Säiten eent vun de Groussen am Koalitiounsaccord. Mëttelfristeg soll vill méi gebaut ginn a virun allem abordabele Logement geschaaft ginn. Neie Ressortminister ass de liberale Claude Meisch. Hien huet en Donneschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun Explikatioune ginn. Fir d’Oppositioun ginn d’Schwéierpunkten net iwwerall richteg geluecht.

Logement an der Chamber / Rep. Pit Everling

Mir hu vill Wëlles, seet dee Claude Meisch:

“Mir wëlle séier de Marché dynamiséieren, iwwer eng Rei steierlech Mesuren. Mir wëllen d’Prozedure méi séier maachen a mëttelfristeg méi e grousse staatlechen Immobiliëpark kréien, dee mer kënnen an d’Locatioun ginn.”Fir Detailer an Zuele wier et fréi, seet den DP-Mann Meisch. Hie wëll an den nächste fënnef Joer ënner anerem mam Finanz-, Ëmwelt- an Inneministère enk zesumme schaffen.

Déi nei Ressortverdeelung mécht kee Sënn, sot de gréngen Deputéierte François Bausch en Donneschdeg de Mëtten um Krautmaart. Datt de Claude Meisch sech ëm d’Educatioun an zur gläicher Zäit de Logement géing këmmeren, wier net ze verstoen, sou den Ex-Minister.

“Hei hätt dës Regierung aus der Erfarung aus de leschte Jore misste léieren an eng Bündelung maache vun de Kompetenzen, déi musse gebündelt ginn, fir datt herno um Terrain och wierklech eppes ka geschéien.”

Spréch: De Claude Meisch hätt net genuch Moyene fir vill ëmzerappen, fënnt de François Bausch.

Déi fréier Inneministesch Taina Bofferding begréisst, datt de Gesetzprojet vun der Grondsteier soll weidergefouert ginn. Déi nei Fraktiounscheffin vun der LSAP kritiséiert awer, datt Schwaarz-Blo mat ale Rezepter virun allem ENG Säit géing zerwéieren:

“Dat ass d’Säit vun de Promoteuren an Investisseuren, déi een natierlech och brauch. Wann e bëllegen Akt fir Investisseure soll agefouert ginn, da stellt sech fir eis d’Fro, wat vu Mesuren iwwreg ass, fir d’Rechter vun de Locatairen ze schützen. Mä do ass näischt.”

Den CSV-Deputéierten Alex Donnersbach ass net d’accord:

“Dat ass Blödsinn. Mir maache Logementspolitik am Interesse vum Land. Et wäert méi gebaut ginn. De Logement abordable ass eng Prioritéit am Koalitiounsprogramm.”

Keng al Rezepter, mä Moossnamen, déi der Situatioun ugepasst sinn, seet d’CSV. Kuerzfristeg soll mat steierleche Moossnamen der Kris um Bau entgéint gewierkt ginn. Hei ass de Finanzministère zoustänneg.

Déi Mesurë kéinten eventuell réischt am Ufank vum nächste Joer ëmgesat ginn, géingen dann awer retroaktiv op den éischte Januar 2024 gëllen.

Back to Top
CIM LOGO