No Aussoen iwwer AktiounsplangMinistesch fir Gläichstellung wëll Kriticken net sou stoeloossen

RTL Lëtzebuerg
D'Mënscherechtskommissioun léisst jo kee gutt Hoer um Aktiounsplang fir d'Gläichheet tëscht Fra a Mann.
© RTL (Archiv)

Den Aktiounsplang géing net op de Fong goen an allgemeng wier am zoustännege Ministère bis ewell net all ze vill geschitt. Dës Remarquë vun der Mënscherechtskommissioun wëll déi aktuell zoustänneg Ministesch Taina Bofferding net esou stoe loossen.

Taina Bofferding reagéiert op Kritik / Rep. Pit Everling

Et ware schonn däitlech Aussoe vun der Mënscherechtskommissioun a vun hirem President Gilbert Pregno no der Lecture vum Aktiounsplang

Wéi mer du kucke gaange sinn, wat do dra steet, ware mer awer e bëssen erschreckt, well mir fannen, dass et eng Unhäufung ass vun Iddien, zum Deel Saachen, déi scho gemaach gi sinn oder nei lancéiert gi sinn, mä richteg Ännerunge ginn et net.

Zënter dass et dee Ministère géing ginn, wiere keng determinéiert Mesurë geholl ginn, fir wierklech Fortschrëtter bei der Gläichheet tëschent Fraen a Männer z'erreechen, sou de President vun der CCDH.

Déi aktuell Ministesch Taina Bofferding ass guer net d'Accord. Fir d'LSAP-Politikerin wier an deem Ministère, zënter senger Existenz, ganz villes erreecht ginn.

Behaaptungen, datt de Ministère keng déifgräifend Mesurë geholl hätt an datt 4 Ministesche kee Fanger kromm gemaach hätten, dat kann ech net sou stoe loossen. Ech denke just un de congé parental fir béid Elteren, de Schutz fir schwanger Fraen, fir Fraen, déi nieren, d'Gesetz géint sexuell Belästegung, d'Gesetz zur häuslecher Gewalt...

Och den Aktiounsplang wier keen Dokument, wat just flott géing ausgesinn, et wiere siwe Prioritéite definéiert, mat 48 Mesuren an 99 konkreten Aktiounen. Et wier wuel mat der CCDH geschwat ginn am Viraus

D'Mënscherechtskommissioun war bei eis. Si huet eis Punkte mat op de Wee ginn, zum Beispill bei der Traite.
Mir hunn nogelauschtert an hir Wënsch a Revendicatioune goufe mat an den Aktiounsplang geholl.

Natierlech wier een allgemeng net fäerdeg, natierlech misst ee weider schaffen, déi gesetzlech Egalitéit wier do, elo misst sécher gestallt ginn, datt dës och an der Praxis Realitéit gëtt.

RTL-News: Mënscherechtskommissioun gëtt Aktiounsplang vum Ministère eng Datz

Back to Top
CIM LOGO