Invité vun der Redaktioun (28. Mäerz) - Djuna Bernard"Mir brauche keen Aktivismus, mä eng gutt duerchduechte Klimapolitik"

RTL Lëtzebuerg
Déi gréng Co-Presidentin war en Donneschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun - Djuna Bernard am Replay
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Déi nei gréng Co-Presidentin Djuna Bernard begréisst, datt sech d'LSAP mat hirem neie President fir couragéis Iddien an der Klima- an Energiepolitik staark mécht. Mä et dierft een och net aus der Hëft schéissen. Siplädéiert fir eng breet Diskussioun an ass dofir frou, dass déi Jonk mat hirer "Youth-for-Climate-Aktioun" nach emol de Fanger an d’Wonn geluecht hätten. A speziell déi Jonk solle mat agebonne ginn.

Déi Gréng géifen an den Ae vun der Co-Parteipresidentin op alle Fall Réckewand kréien, well se d’Iddien an d’Iwwerzeegunge vun der Partei géifen ënnerstëtzen.

D’Djuna Bernard huet och ënnerstrach, dass si sech gemellt hätt, fir de Poste vum Co-Parteipresident, well si Responsabilitéit hätt wëllen iwwerhuelen an d‘Partei an d’Politik mat wéilt gestalten. Dat strukturell wéi och inhaltlech. Et wier normal, dass een, wann ee laang an der Politik wier, vläicht e bësse blann op engem A géif ginn, dofir wier et wichteg, neie Wand eranzekréien, mat deem den Dialog nees opgefrëscht kéint ginn.

Zu der Hausse vun den Accisen um Bensin an Diesel seet d’Djuna Bernard, dass dat en Deel vun der Politik wier, déi dem Klima soll zegutt kommen. Natierlech misst een d’Auswierkungen dovunner op de Budget mol ofwaarden an analyséieren. Et wier kloer, dass een als Gréng keng Verbuetspolitik wéilt schafen, mä derzou bäidroen, dass et zu engem generellen Ëmdenken kënnt.

Et wéilt een awer och an Alternativen wéi Elektromobilitéit oder e gudden ëffentlechen Transport investéieren. Ureizer schafen. Da misst een net op d'SUven weider agoen, sot d'Djuna Bernard. Et wéilt een net als Verbuetspartei optrieden. Den LSAP-Parteipresident hat jo méi héich Steieren fir Zitat „SUVen an aner Dreckschleideren“ an d'Spill bruecht.

Déi gréng Co-Presidentin war en Donneschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO