Claude Turmes op Aarbechtsvisitt zu Oslo"Mir brauche schnell eng Léisung bei den Energiepräisser a beim Klimaschutz"

Claudia Kollwelter
Dat sot den Energieminister Claude Turmes am RTL-Interview am Kader vu senger Aarbechtsvisitt zu Oslo.
© AFP/Archiv/Ina FASSBENDER

Claude Turmes zu Oslo / Rep. Claudia Kollwelter

Norwegen wier do e gudde Partner an déi Partnerschaft soll weider ausgebaut ginn. Norwegen géif ganz responsabel mat der Energiekris ëmgoen, huet de Claude Turmes betount. Ënnert anerem war hien zesumme mam Transportminister François Bausch en Dënschdeg op Visitt bei Equinor, de grousse Gas-Liwwerant.

A si hunn hir Gasliwwerungen a Richtung Europa maximal an d’Luucht gesat, fir eis ze hëllefen. A beim Stroum ass et sou, datt d’Befierchtung, datt hir Waasserkraaftwierker eidel wieren, well et net gereent hätt, net wouer ass. Déi si mëttlerweil méi gefëllt, sou datt ech optimistesch sinn, datt Norwegen a Schweden eis hëllefe kéinten, wann et géif knapps gi beim Stroum.

Norwegen géif och kloer an d’Richtung vun erneierbaren Energië goen an net just massiv an Off-Shore-Wand investéieren, mä wäert och mat Portugal a Spuenien déi éischt Plaz an Europa sinn, wou grénge Waasserstoff am grousse Stil produzéiert gëtt.

De François Bausch huet sech mam Findel an eng norwegesch Firma mat akaaft. Déi ware mer besichen an dat gesäit villverspriechend aus. Déi wäerten an Nord-Norwegen, wou de Stroum ganz gënschteg ass a vill Waasserkraaft ass, wäerte se dee grénge Waasserstoff hierstellen. A mer sinn och gewuer ginn, wéi dee mat Containerschëffer Richtung Rotterdam an da Richtung Lëtzebuerg kéint kommen.

Dat wier eng gutt Nouvelle fir d’Firmen hei am Land, déi grénge Waasserstoff bräichten, huet de Claude Turmes nach betount.

Back to Top
CIM LOGO