Retarde fir d’Personal opzestocken a Retarde bei der Digitaliséierung ginn engem Audit vum Boston Consulting Group no eréischt zanter 2014 opgeschafft. Wéi reporter.lu Enn Oktober gemellt hat, hätt déi lescht Finanzministesch Yuriko Backes och d’Mandat vun der Direktesch vun der Steierverwaltung Pascale Toussing net verlängert, well hir net genuch Fortschrëtter gelonge wieren. De Guy Hansen sot dozou just, datt säi Syndikat reegelméisseg e gudden Austausch mat der Direktioun hätt.
E Projet fir en neien Intranet, deen hie presentéiert krut, wier och genee, wat gebraucht wier. Vun “toxeschem Klima” an der Verwaltung, ewéi reporter.lu geschriwwen hat, wollt de Guy Hansen net schwätzen. Hie schafft selwer do a géing seng Aarbecht gär maachen. Et wier eng attraktiv Verwaltung, och wann et effektiv ëmmer méi Aarbecht géing ginn.
A 5 Schaffdeeg ass den Delai ofgelaf, fir seng Steiererklärung fir d’Joer 2022 ofzeginn. Mëtt Oktober hate réischt d’Hallschent vun de Leit an de Betriber hir Steiererklärung ofginn. Dowéinst hätt een den Ament vill um Steieramt ze dinn. D’Steierzueler wieren och dacks iwwerfuerdert. Allerdéngs huet de Guy Hansen drop higewisen, datt een d’ganzt Joer Zäit huet. Wann een elo bei der Fiduciaire net méi géing bäikommen, da wier een och e bësse “selwer Schold”.
Fir de Leit entgéint ze kommen, huet hien awer ënnert anerem proposéiert, datt d’Leit op hiren Decompten ugewise kréien, wéi een Agent hiren Dossier traitéiert huet.
E Mëttwoch de Moie waren d’Steiererklärungen an d’Stëmmung an der Steierverwaltung Themen an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.