Overshoot DayMir consomméieren hei zu Lëtzebuerg iwwer de Limitt vum Planéit – elo schonn

Pierre Jans
En Dënschdeg war de sougenannten Overshoot Day. De Grand-Duché ass hannert dem Katar weltwäit dat zweet Land, dat déi Grenz depasséiert.
Lëtzebuerg huet seng natierlech Ressourcë fir 2024 schonn opgebraucht
Den 20. Februar ass de Lëtzebuerger Overshoot Day fir d’Joer 2024.

Wéi kann een eis Consommatioun an d’natierlech Ressourcen nees an e Gläichgewiicht bréngen? Mat där Fro beschäftegt sech aktuell eng Ausstellung am “Circular Innovatioun Hub” am Schlass zu Wolz.

D’Expo “Au-delà des limites de la planète. Et si l’économie circulaire était la solution?” probéiert, de Visiteuren awer och Proposen ze maachen, wéi si hiren Deel dozou bäidroe kënnen, de Planéit ze schützen. Eng Léisung gëtt et net, mä vill klenger kéinten d’Differenz maachen. De Fleeschkonsum ass traditionell e Problem. Zum Beispill soll een och oppassen, wéi vill neit Gezei ee keeft.

Wéinst de villen Zuelen eegent d’Ausstellung sech vun 10 Joer un. Och Schoul- a Lycéesklasse si wëllkomm, grad ewéi erwuesse Gruppen. E Schlussdatum gëtt et net.

Infoe ginn et um Site vun der Gemeng Wolz.

Back to Top
CIM LOGO