Si konnt Verloschter am konventionelle Beräich duerch eng extrem Hausse bei der Loftfracht kompenséieren. Et si virun allem d’Steierpläng vun der Regierung, déi Suerge géife maachen:
“Mir haten eis erhofft, datt de Ruff vun eisem Secteur, dee jo oft net de Beschten ass, well et gëtt jo gesot, Camione maache Knascht, si maache Kaméidi, si si geféierlech – dass elo endlech awer d’Bewosstsinn bei de Leit komm ass, de Secteur ass systemrelevant a mir brauchen en. An duerfir versti mir net, firwat mer elo, nom Confinement, firwat datt geplangt gëtt, eis duerch zousätzlech Steieren, Taxen an Accisen ze bestrofen.”, esou de Ben Frin Finanzdirekter vun Transports Arthur Welter.
Konkret geet et ëm d’Accisen-Erhéijung um Diesel ëm bis zu 5 Cent de Liter, déi am Fréijoer sollt kommen, wéinst der Kris awer op méiglecherweis d’nächst Joer verréckelt gouf an ëm d’CO2-Steier, déi fir 2021 geplangt ass. Kombinéiert géif déi Moossnam ronn eng Millioun Méikäschte fir de Betrib ausmaachen, eng Zomm, déi net méi ze droe wär.
450 40-Tonner plus ronn 400 méi kleng Camionen - dat ass de Fuerpark vun Arthur Welter, dorënner och eng Elektro-Camionnette, déi awer meeschtens just do stéing. Et géif op modernst Technologie gesat, esou och bei der neier Hal zu Diddeleng, de Fuerpark all 4 Joer erneiert, d’Beméiunge fir Nohaltegkeet wäre grouss. Bleift awer d’Tatsaach, dass et keng Alternativ zum Diesel fir de Camionsbetrib géif ginn. Elektrocamione wären onbezuelbar, d’Technologie nach an de Kannerschong. Idem fir Waasserstoffcamionen.
Fazit vum Betrib: “Mir gi fir eppes bestrooft , wouzou et keng Alternativ gëtt.”
Tatsaach bleift awer och, datt 60 bis 70 Prozent vun den CO2-Emissiounen zu Lëtzebuerg vum Stroossentransport verursaacht ginn. An datt Lëtzebuerg ouni Moossnamen e Problem kritt, seng Klimaziler z’erreechen.
E Méindeg am Nomëtteg koum vum Energieministère op Nofro d‘Info, datt si, grad wéi d‘Ministèrë fir Ëmwelt a Wirtschaft de Logistiksecteur um Enn vum Summer wéilte gesinn, fir iwwert seng Doleancen ze schwätzen.