
"Mir hunn aner Zuelen ewéi Eurostat." Dat äntwert de Police- an Transportminister François Bausch den CSV-Deputéierten Nancy Arendt a Léon Gloden, déi d'Detailer zu geklauten Autoen am Grand-Duché wollte kréien.
Zu Lëtzebuerg géifen am europäesche Verglach verhältnisméisseg déi meeschten Autoe geklaut ginn, esou sot et jo eng Eurostat-Statistik virun e puer Wochen.
Tëschent de Joren 2015 an 2017 wieren et der an der Moyenne 328 pro Joer gewiescht, dat op 100.000 Awunner gerechent.
D'Zuele vun der Police géingen awer eppes anescht soen, esou de Minister. An de genannte Jore wieren an der Moyenne just knapp 55 Ween pro Joer geklaut ginn, op 100.000 Awunner gekuckt.
Där Rechnung no kéim de Grand-Duché dann net op d'Plaz 1, mä op d'Plaz 20 am EU-Verglach. D'Opklärungs-Quot léich iwwerdeems bei 21,5%.
Wéi et zu deenen ënnerschiddlechen Zuele ka kommen, gëtt net explizéiert.
RTL-News: Awer net Nummer 1? Lëtzebuerger Police widderleet Etüd vun Eurostat iwwer geklauten Autoen
RTL-News: Eurostat - Zu Lëtzebuerg ginn déi meeschten Autoen an der EU geklaut