Bilan LCGB"Mir hunn en exzellent Resultat kritt"

Claudia Kollwelter
Dat sot um Donneschdeg de President vum LCGB Patrick Dury beim Bilan vun de Sozialwalen.
© Didier Weber / RTL Télé Lëtzebuerg

Zefridden ass d'Gewerkschaft, datt den Ecart zum OGBL méi kleng ginn ass, an datt den LCGB d'Majoritéit a verschidde Betriber krut.

LCGB Sozialwalen/Reportage Claudia Kollwelter

E Plus vun 3 Mandater an der Chambre des salariés - eleng dat géing der Gewerkschaft de Réck enorm stäerken, seet de Patrick Dury, mä och bei de Betriber hu si 200 Mandater méi wéi nach 2013.

An eenzele Secteure wéi der Siderurgie oder dem Transport wieren d'Resultater excellent. Am Finanzsecteur konnt den LCGB an 20 nei Betriber erakommen, woubäi ee Resultat an deem Secteur dem President no ervirzesträichen ass: "Mir sinn déi 1. Gewerkschaft, déi bei engem vun de "Big 4" bei de Consultanten an d'Delegatioun erakomm ass. Dat ass d'KPMG, wou mer 3 Mandater an der Delegatioun konnte kréien."

Ma och wann ee vun engem excellente Resultat schwätzt, ginn et och Secteuren, wou et fir d'Gewerkschaft net esou gutt gaangen ass wéi erwaart: "Dat ass u sech de Spidols- an den SAS-Secteur. Do stelle mer fest, datt mer am Spidolssecteur kloer eis Objektiver net erreecht hunn, datt mer do Mandater verluer hunn. An am SAS-Secteur si mer vu 35 Mandater 2013 op 68 Mandater eropgaangen. An domat konnte mer dat do e bëssen opfänken."

En Uleies war dem Patrick Dury dann awer och d'Organisatioun vun de Walen, wou den LCGB dofir plädéiert, datt déi an Zukunft iwwert de "vote électronique" gemaach ginn: "Éischtens si mer der Meenung, datt da méi Leit géifen drun deelhuelen. Dann hätte mer méi wéi e knappen Drëttel. An zweetens ass d'Prozedur jo ganz opwänneg. Dat ass net méi zäitgeméiss. D'mussen Enveloppë verschéckt ginn, déi mussen zréckkommen. Da mussen d'Leit dat ausfëllen. Et ass relativ komplizéiert an d'Elektronik an dat Digitaalt ass an deene Voleten esou einfach a flott, fir dat iwwert dee Wee kënnen ze maachen."

Den LCGB zielt aktuell iwwregens 42.000 Memberen.

Back to Top
CIM LOGO