“Mir ginn als Ekipp an d’Walen”
D’Personaliséierung vun de Walen ass fir Déi Lénk problematesch, et sollten net d’Gesiichter sinn, déi d’Politik bestëmmen, mee d’Iddien, de Programm an d’Iwwerzeegungen. Dat wier och de Grond, wisou een de Rotatiounsprinzip géif halen an ëmmer an der Mëtt vun der Mandatsperiod d’Deputéiert wiesselen.
“Heescherei verbidden, ass déi Leit kriminaliséieren”
“Mir wëssen, wéi et anescht geet”, dat ass ee vun de Slogane vun der Partei. D’Heeschen an der Stad verbidden, wier nëmmen eng Symptombekämpfung, esou d’Nathalie Oberweis am RTL-Interview. Et misst ee laangfristeg versichen, d’Aarmut an d’Ongläichheet ze bekämpfen, datt esou manner Leit op der Strooss musse liewen oder drogenofhängeg ginn. Ee Beispill wier den Ausbau vum Housing First.
D’Nathalie Oberweis am Portrait
Déi Lénk sinn als Partei iwwert déi lescht Jore lues awer konstant gewuess. Zanter Mëtt 2021 sinn zwou Frae mat un der Spëtzt a vertrieden d‘Partei och um Krautmaart. D‘Nathalie Oberweis ass eng vun hinnen. Zanter 6 Joer ass si elo bei déi Lénk. Bekannt fir hiren Aktivismus a Kampf géint déi wuessend Ongerechtegkeete sëtzt si sech och dëst Joer fir d‘Gemengen a Chamberwalen op. Wann och net als offizielle Spëtzekandidat.