
Héich Energiepräisser; Liewensmëttelpräisser, déi klammen; Indextranchen asw... De Secteur vun den Hoteller, Restauranten a Caféen huet eng ganz Partie Erausfuerderungen ze meeschteren.
Et kéint een de Courage verléieren. Mir sinn awer gudder Déng, datt mer aus der Kris erauskommen. Dat sot de Generalsekretär vun der Horesca, François Koepp, en Dënschdeg de Mueren am RTL-Moiesjournal.
Et wéilt een och net alles op de Konsument ofwälzen, ma iergendwa kéim een net méi derlaanscht, wéinst den héije Käschten. Zum Beispill goufen et beim Rëndsfleesch Präishausse vun 30%.
Positiv wier, datt d’Leit awer lues a lues erëm an d’Restauranten a Caféë kéimen, sou de François Koepp, deen och hofft, datt sech Touristesaison nach gutt entwéckelt. Och wa verschidde Leit nach ëmmer Angscht hunn, wéinst dem Corona.
Tripartite ugeschwat: Do mengt den Horesca-Generalsekretär, datt Patronat den Accord wäert matdroen, well da wéisst ee wéi d’Käschte sech entwéckelen. An et hätt een eng Previsibilitéit vun de Käschten, déi enorm wichteg wier.