De Bléck an d’Vergaangenheet war mat der Ried vun engem vun de Grënnungsmember, dem Robert Garcia, ënnerhalsam gestalt. Dësen huet ënner anerem mat ville Clichéë gespillt, déi deene Gréngen heiansdo nogesot ginn. Schonn um Flyer fir d’Grënnung 1983 stoung: “Et ass 5 vir 12. Déi Gréng sinn do.” Dozou de Robert Garcia: “Et kéint ee behaapten, mir Gréng hu wesentlech dozou bäigedroen, dass et 40 Joer bei eis 5 vir 12 blouf.” Dëst wier jo schliisslech d’Daseinsberächtegung vun der Partei. Fir méi Optimismus waren dann d’Parteipresidenten Djuna Bernard a Meris Sehovic zoustänneg. Et wier een nach senge Racinnen trei. “Mir sinn haut nach ëmmer d’Öko-Partei zu Lëtzebuerg”, seet d’Djuna Bernard. Déi eenzeg konsequent ökologesch politesch Kraaft am Land. Et hätt een d’Ökologie an de Klimaschutz an d’Gemengen, d’Schäfferéit, d’Parlament an och an d’Regierung bruecht. Sou wichteg de Sujet och wier, just iwwer d’Klima an d’Ëmwelt ze schwätze géing awer net méi duer goen.
D’Spëtzekandidatin Sam Tanson huet dann opgezeechent, fir wat d’Partei haut steet. “Bei ons ass et kloer, mir wëllen eng fräi, eng gerecht, eng feministesch an eng klimaneutral Welt”, sou d’Sam Tanson. Mee et hätt een als Gesellschaft keng 40 Joer méi Zäit, fir dat ze areechen, wat ee misst. Si rechent vir, wéi knapp den Delai ass: “A 27 Joer misst ee klimaneutral sinn, a 7 mussen d’Emissiounen am Verglach zu 2005 ëm 55 Prozent erof sinn.” Dëst ze areeche wier néideg, fir de mënschegemaachte Klimawandel ze bremsen.
Als Gaaschtriedner waren op der Feier de Patrick Dury, President vum LCGB, d’Nicole Ikuku, Directrice vum Cercle de cooperation des ONG, an de Raymond Andekerk, Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg. Fir de musikalesche Kader huet den Edsun gesuergt.