Vun den 1.800 adr-Memberen, hate sech um Donneschdeg den Owend eng 150 fir den Neijoerschpatt am schwaarzen Haus um Cents zesummefonnt.
Gambia 3 stéing fir onkontrolléierte Wuesstem, deiere Logement, Stau, manner Natur, Manktem un Dokteren a Klinicken. “Dat wëlle mer net an dofir hätte mer gär e Wiessel”, sot de Parteipresident Fred Keup am RTL-Interview.
Déi zweetgréisst Oppositiounspartei huet aktuell 4 Deputéiert um Krautmaart. Zil ass et bei de Chamberwalen am Hierscht Fraktiounsgréisst ze erreechen. Den 3 leschte Sonndesfroen no, géif d’adr bei 4 Sëtz bleiwen. Iwwerdeems d’Piraten vun 2 op 6 Deputéiert erhéije kéinten.
“Wa se (d’Wieler ndlr) gär eng Erneierung hätten, da geet dat iwwer d’adr. Well dat wat d’Pirate liwweren, dat ass am Fong dat selwecht wéi dat wat d’Gambia Regierung mécht”, betount de Fred Keup.

Et wär een eng verantwortungsbewosst Partei. Wann aner Parteie sech eng Koalitioun mat der adr virstelle kéinten, da wier ee bereet a prett fir Verantwortung ze iwwerhuelen. Zum Gudde vum Land.
Drop ugeschwat, datt d’adr vu ville Leit als um rietse Bord ugesi gëtt an dowéinst schwéier wielbar wier, sot de Parteipresident et kéint een d’Partei net esou einfach an een Tirang setzen. Engersäits wier d’adr e bësse konservativ, anerersäits wier hir dat Soziaalt och ganz wichteg. Seng Partei misst dat positiv vermëttelen. An der Tëscht géife vill Leit d’adr ënnerstëtzen an der Partei vertrauen.